D'Missioun ass, no beim Bierger ze sinn
D'Beamte vun der Gemengepolice sinn zanter zwee an engem hallwe Mount an der Uewerstad, op der Gare an zu Bouneweg am Asaz.
"Et ass Zäit fir opzestoen", mat dësem Saz huet de Freideg kuerz no 7 Auer fir 2 Männer ugefaangen, déi an der Entrée vun engem Geschäft iwwernuecht haten.
Erwächt gi si vun dräi Beamte vun der Gemengepolice. Et sinn Aufgabe wéi dës, déi moies e groussen Deel vun hirer Aarbecht ausmaachen. Tëscht 6 Auer moies an 22 Auer si si zanter dem 1. Juli zu Fouss an der Haaptstad ënnerwee. D'Missioun vun den 20 Beamten, déi jeeweils vun ënnerschiddleche Kommissariater temporär fir déi lokal Police am Asaz sinn, ass, fir no beim Bierger ze sinn.
"Mir si spezifesch fir de Bierger do", erkläert de Mensur vun der Police, deen dës Woch der lokaler Police zougedeelt ass. Wëll heeschen, dass hien haut net huet mussen op Asätz fueren, op déi d'Police geruff gëtt. Wann ënnerwee awer géing eng gréisser Strofdot festgestallt ginn, géing direkt Verstäerkung gefuerdert ginn. Domat hätt ee méi Zäit fir de Bierger a kéint dësem och méi nolauschteren, sou en éischte Constat.
Zu der Missioun vun den 2 bis 3 Beamten, déi zesummen duerch d'Stad patrulléieren, gehéiert ënner anerem an d'Parkhaiser kucke goen, ob do keng Leit Droge konsuméieren, Persounen ze kontrolléieren, kucken dass d'Camione beim Ausliwwere moies laanschtenee kommen oder awer och, ob d'Heescheverbuet agehale gëtt. Woubäi hei de Fokus op dat aggressiivt Heesche geluecht géing ginn. "Wa Leit wierklech aktiv belästegt ginn. Also no Sue gefrot ginn an dobäi insistéiert gëtt", erkläert den Yves Mousel, Police-Direktiounsmember vun der "Region Capitale". An deem Fall gëtt d'Persoun verbaliséiert. Wien awer just e Becher do stoen hätt, géing drop higewise ginn, dass dëst verbueden ass. Deemno gëtt dann och d'Identitéit opgeholl, an d'Saach am A behalen.
Méi spéit am Dag géing et bei den Asätz da méi ëm kleng Streidereien oder Drogenermëttlunge goen, wa Leit begéint ginn, déi Droge konsuméieren oder konsuméiert hunn.
D'Beamten, déi fir d'Gemengepolice am Asaz sinn, sinn der Meenung, dass dëse Service gutt bei de Bierger ukënnt. Zu Fouss hätt een eng aner Presenz, wéi wann ee géing mam Auto duerch d'Quartiere fueren. "Et si Leit, déi bei eis kommen a soen, dass se frou sinn, esou vill Polizisten an der Stad ze gesinn", erzielt den Andy.
Fir Policebeamten ze fannen, déi d'Schichte vun der Gemengepolice iwwerhuelen, wier kee gréissere Problem, betount den Yves Mousel. Mee kloer géingen et bei de Beamten och Präferenze ginn. Sou zum Beispill beim Michel: "Natierlech fueren ech léiwer op Interventiounen. Et muss ee sech dru gewinnen. Mee et ass awer gutt. Et léiert een de Quartier an d'Leit, déi do wunnen, kennen".
Bei der Gemengepolice an der Stad handelt et sech den Ament nach ëm e Pilotprojet, dee bis um Enn vum Joer leeft. Reegelméisseg géingen awer kleng Upassungen am Fonctionnement gemaach ginn, seet den Yves Mousel. Ee Mol d'Woch ass en oppenen Echange tëscht der Regionaldirektioun vun der Police an der Buergermeeschtesch vun der Haaptstad, der Lydie Polfer, fir iwwer eventuell Doleancen ze schwätzen.