De klenge Liam wëll net an d'Schoul goen, hien huet richteg Angscht virun där Situatioun. Well awer Schoulflicht besteet, muss d'Kand all Dag bis dohinner.

De Liam ass 8 Joer al a wéi vill Kanner a sengem Alter spillt och hie gäre Fussball. Anescht wéi déi aner Kanner a sengem Alter geet hien awer nëmmen eng kuerz Zäit moies an d'Schoul. Dat kann eng Stonn sinn, oder och just eng hallef Stonn mat senger Mamm. D'lescht Joer krut de Liam eng Form vun Autismus diagnostizéiert, méi genee den Asperger-Syndrom. 
 
Déi éischt Symptomer hätte sech gewisen, wéi seng Léierin an der Spillschoul krank ginn ass an d'Klass en neie Schoulmeeschter krut. Eng nei Bezuchspersoun an dat vun haut op muer, dat war fir de Liam schwéier ze verstoen, erzielt seng Mamm d'Tania Lindlbauer. Hien huet ugefaangen, ëmmer nees an d'Hänn ze klappen oder hien huet d'Leit net méi ugekuckt, wann hie mat engem geschwat huet. Besonnesch de Wiessel vun der Spillschoul an d'éischt Schouljoer war fir de Liam schwéier. Den Drock vun den Hausaufgaben a Prüfunge koum dobäi, dann och nach eng nei Klass, vill Geräischer an neit Léierpersonal. 
 
Hien huet Angscht an d’Schoul ze goen, fillt sech onwuel, erzielt seng Mamm. Wéinst Krankschreiwunge huet hie vill gefeelt an doropshin d’éischt Schouljoer misse widderhuelen. D'Schoulangscht ass awer net besser ginn, ma hätt sech éischter nach verstäerkt. Mat der Schouldirektioun ass decidéiert ginn, dass de Liam just eng Stonn den Dag soll an d'Schoul goen. Dës Woch ass hien an d'zweet Schouljoer komm an dëse Modell soll viraussiichtlech bäibehale ginn. 
 
Op Nofro bei der Schouldirektioun heescht et, dass de Modell vun e puer Stonne Schoul pro Dag Zäit bräicht. Fir ze kucken, ob den 8 Joer ale Liam lues a lues nees un d’Schoul ka gewinnt ginn. Am Sënn vun der Inclusioun. Dat ass och mat individueller Betreiung duerch eng Assistance en Classe versicht ginn. "Et ass einfach den Zäitfaktor. Si huet och nach aner Kanner gehat, déi si en Charge huet missen huelen. A leider war doduerch net déi néideg Zäit do fir mäi Bouf. Dat ass jo och an der Rei, si kann net véier Stonne moies nëmme fir mäi Kand do sinn, mee dat ass einfach e Mangel." Si kéint d'Zil, d'Kanner esou laang et geet an der Reegelschoul ze loossen, gutt verstoen, esou d'Tania Lindlbauer. Ma am Fall vun hirem Jong hätt si d'Gefill, dass d'Inclusioun un eng Limitt gestouss ass. 
 
Zanter 3 Joer gëtt antëscht no enger Léisung gesicht. Wéinst senger Schoulangscht huet et am Kompetenzzenter fir Kanner mat Autismus, dem CTSA, fir de Liam och net gepasst. Dem Liam säin Dossier läit den Ament bei engem weidere Kompetenzzenter, dem CDSE, dee sech ëm Kanner mat sozio-emotionale Problemer këmmert. D’Prozedur leeft nach.
 
Wéi e Kompetenzzenter a verschidde Fäll hëllefe kann 
 
Kanner, déi an den CTSA kommen, ginn a klenge Gruppe beschoult. Dobäi gëtt entwécklungsorientéiert geschafft, also individuell ugepasst un d'Besoine vum Kand. Dobäi gëtt zum Beispill gekuckt, dass d'Kanner och eng Plaz hunn, fir sech zeréckzezéien an d'Aufgabe si ganz kloer strukturéiert, erkläert d'Claudia Dias de Almeida. Si ass Educatrice graduée an Titulaire vun enger Klass. 4 bis 6 Kanner ginn am CTSA ëmmer vun 2 Titulairë beschoult. 
 
Ma all autistescht Kand ass anescht. Eng 700 Kanner a Jonker suivéiert den CTSA uechter d’Land, zum Deel och an hirer Reegelschoul. Ronn 150 Kanner sinn an de Klasse vum CTSA, déi op 18 Sitten am Grand-Duché verdeelt sinn. D’Schüler, déi heihinner kommen, kënnen net méi an enger Reegelschoul begleet ginn, esou d'Direktesch vum CTSA d'Sabine Angelsen.
 
De Wee an e Kompetenzzenter geet iwwert eng festgeluechte Prozedur. An déi freet vill Zesummenaarbecht tëscht dem Léierpersonal an der Reegelschoul, dem Kand an den Elteren. D’Elteren hunn dobäi dat lescht Wuert. Ma et kann och kee Kand gezwonge ginn, an den CTSA ze goen, betount d’Direktesch. Bestinn Ängschten, muss nach méi individuell op d’Situatioun gekuckt ginn. D'Inken Mattes ass Psychologin a Responsabel fir de Service Diagnostik am CTSA. Bei enger Schoulangscht zum Beispill misst an enger individueller psychologescher Begleedung fir d'éischt emol de Grond vun der Schoulangscht opgeschafft ginn, esou d'Psychologin. Schoulangscht wier och net bei all Kand mat Autismus de Fall, mee éischter en zousätzlecht Stéierungsbild. "Natierlech och den Autismus mat a Betruecht zéien, mee dat ass och eppes, wat een à part vum Autismus muss traitéieren", erkläert d'Inken Mattes. 
 
A verschidde Fäll kéinte Kanner och no enger punktueller Betreiung vum CTSA, sief et am Kompetenzzenter oder an der Reegelklass, nees komplett an hir Reegelschoul integréiert ginn. All Kand an all Situatioun wier immens individuell. Dowéinst ass d'Zesummenaarbecht tëscht all den Acteuren och onbedéngt noutwenneg.