An der Schëfflenger Nelly-Stein-Schoul ginn et zwou Klassen am Cycle 3.1, eng gouf - wéi gewinnt - op Däitsch alphabetiséiert an eng eben op Franséisch.

Den Julio, d'Sarah, den Isaac, de Kilian, den Allan, de Santiago an déi aner Kanner an hirer Klass, sinn elo am 3. Schouljoer, dem Cycle 3.1. Si ware virun 2 Joer déi éischt Klass am Land, déi zu Schëffleng an der Nelly-Stein-Schoul am 1. Schouljoer op Franséisch liesen a schreiwe geléiert huet. De Stonneplang war mat der anerer Klass, déi op Däitsch alphabetiséiert gouf, souzesoe gespigelt. Däitsch hate si bis ewell eng Stonn d'Woch. Dëst Joer komme fir si 6 Stonnen Däitsch derbäi.

D'Sarah Scholtes, d'Enseignante, déi mat de Kanner déi zwee lescht Joren d'Alphabetiséierung gemaach huet, zitt e positive Bilan. Et wier opgefall, dass déi franséisch Sprooch fir déi Kanner, déi fir de Pilotprojet erausgesicht goufen, vill méi no läit. Dacks wiere si scho virum Schoulalter mat där Sprooch a Kontakt gewiescht, sief et duerch den Ëmfeld vun der Famill oder zum Beispill duerch d'Crèche oder eng Dagesmamm. D'Léierin huet bemierkt, dass d'Kanner sech méi wuel gefillt hunn a sech éischter getraut hunn, ze schwätzen. "Ech hunn och ganz wéineg missen iwwersetzen. Virdrunner, wéi ech nach op Däitsch alphabetiséiert hunn, war et esou, dass ech vill am Ufank hu missen iwwersetzen, well si net verstanen hunn. An hei war dat vill manner de Fall." Fir den Opbau vum Wuertschatz wier dat och immens wichteg gewiescht, well direkt vill an der Klass konnt matenee geschwat ginn.

Well déi 12 Jongen a Meedercher no den zwee Joer schonn e gudden Niveau am Franséische konnten erreechen, solle si elo - am 3. Schouljoer - 5 Stonne Franséisch a 7 Stonnen Däitsch maachen. Normalerweis sinn, egal op wéi enger Klass, 6 Stonnen Däitsch a 6 Stonne Franséisch virgesinn. Un de Ressource wat d'Personal ugeet, ännert och näischt.

Am Schoulhaff gëtt weider Lëtzebuergesch geschwat

D'Niewefächer hunn dës zwou Klassen dann zesummen. Erkläert a geschwat gëtt op Lëtzebuergesch. D'Blieder mat den Exercicer kréien d'Kanner an hirer Alphabetiséierungs-Sprooch. Dat wier déi lescht zwee Joer awer kee Problem gewiescht, esou d'Sarah Scholtes. Et wier souwisou schonn ëmmer esou gewiescht, dass mol huet missen iwwersat ginn, well e Kand d'Aufgab net direkt verstanen huet. Ënner sech oder am Schoulhaff schwätzen d'Schüler a Schülerinne souwisou Lëtzebuergesch. Wa si sech an engem Niewefach mellen, wier dat fir si dowéinst och normal, op Lëtzebuergesch d'Äntwert ze ginn.

"Mir hunn e Plang", betount och d'Coordinatrice vum internen Aarbechtsgrupp an der Schëfflenger Schoul, d'Nancy Thackeray. Och si zitt no zwee Joer e gudde Bilan. Den Aarbechtsgrupp wier konstant am Gaangen, de Projet ze suivéieren an z'evaluéieren. Wat d'Programmer ugeet, esou ginn an der Mathé beispillsweis déi nämmlecht Bicher, esou dass souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch den nämmlechte Programm an der selwechter Reiefolleg ka gemaach ginn. Nach sinn déi zwou Klassen am Mathéscours anescht wéi an  den Niewefächer getrennt. Am Cycle 4, also am fréiere 5. Schouljoer, soll d'Mathé dann awer och zesummen ënnerriicht ginn. D'Coordinatioun vun de Stonnepläng wier sportlech, esou d'Nancy Thackeray, ma och dorunner hätt een sech gewinnt. "Dat ass alles machbar."

D'Eltere fille sech méi mat abezunn 

D'Léierin Sarah Scholtes huet an de leschten zwee Joer och e ganz gudde Retour vun den Eltere bemierkt. Och wann net all Mamm oder Papp perfekt Franséisch kéint, hätten d'Eltere vill méi d'Gefill, dass si hirem Kand bei den Hausaufgabe kënnen hëllefen. Besonnesch wann d'Eltere mat engem méi ale Kand d'Erfarung vun der "normaler" Alphabetiséierung op Däitsch gemaach hunn, géingen dat elo immens wäertschätzen, hiert Kand méi kënnen z'ënnerstëtzen.

De Choix vun der Alphabetiséierung läit och weiderhi bei den Elteren, si hunn dat lescht Wuert. Am Cycle 1, also an der Spillschoul, sinn d'Kanner all zesummen an am Laf vun der Zäit géing sech weisen, a wéi enger Sprooch d'Kanner méi staark sinn. Oder ob Franséisch oder Däitsch méi no ass vun der Sprooch, déi doheem geschwat gëtt, erkläert d'Nancy Thackeray. D'Léierpersonal mécht den Elteren dann eng Empfeelung an am Gespréich kéim een dacks och zesummen op déi beschte Léisung fir d'Kand. D'Schëfflenger Nelly-Stein-Schoul, esou wéi déi aner dräi Schoulen, déi um Pilotprojet deelhuelen, bleiwen awer Quartiersschoulen. Et kann een deemno net einfach säi Kand an déi Schoul schécken, wann een net do wunnt. Och déi Ufroen hätt een an der Nelly-Stein-Schoul scho mol kritt. Ma eréischt wann de Pilotprojet mat der Rentrée 2026 soll generaliséiert ginn, soll och all Kand vun der Alphabetiséierung op Franséisch kënne profitéieren.