Bei der Hëllef fir Leit, déi finanziell net sou gutt do stinn, spillen d'Offices sociaux eng wichteg Roll.

All Gemeng mat op mannst 6.000 Awunner huet een Office social. Well vill Gemengen dee Seuil net areechen oder well se sech méi breet opstelle wëllen, hu se sech zesummegeschloss, fir een Office social ze bedreiwen. Aktuell ginn et der 30 am Grand-Duché. D'lescht Woch hunn de Gemengesyndikat Syvicol, d’Entente des Offices Sociaux an de Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil déi zweet Editioun vum Dag vun der Sozialaarbecht an de Gemengen organiséiert. D'Haaptthema war de Logement, an dobäi hunn d'Leit aus dem Secteur der Politik nawell eng Partie Hausaufgabe mat op de Wee ginn.

Leit aus dem Sozialsecteur gesinn nach Loft no uewen (Reportage Marc Hoscheid)

Ronn 200 Leit haten de Wee op Wegdichen bei Wolz fonnt. Dorënner eng Partie Gemengeconseilleren a Buergermeeschteren, ma virun allem Mataarbechter vun den Offices sociaux. Nodeems moies e puer Virträg zu verschiddenen Theme gehale gi waren, gouf e Samschdeg de Mëtteg an Aarbechtsgruppen op véier Sujete ronderëm de Logement geschafft. Eng Wunneng, an där d'Leit ënnert würdege Konditioune liewe kënnen, wier d'Grondviraussetzung, fir de Wee aus der Aarmut eraus ze fannen, respektiv net eranzerëtschen. Ma d'Situatioun um Wunnengsmaart wier ganz schwiereg, net nëmmen, awer virun allem fir jonk Leit, esou d'Ariane Töpfer Geschäftsführerin vu Youth & Work. Betraff wiere Flüchtlingen, awer de Problem géing déif an d'Gesellschaft erareechen.

"Wir haben aber auch Luxemburger Familien, die aus den unterschiedlichsten Gründen, sei es beengt wohnen oder wo die Eltern umziehen, die Kinder nicht mit umziehen können oder wo die Jugendlichen einfach mit Mitte 20 ausziehen wollen und selbst wenn sie einen CDI haben, nicht unbedingt einen Zugang haben zum Wohnungsmarkt. Und das sind einfach Situationen, die schwierig sind."

An enger vun den Aarbechtsgruppe gouf iwwert alternativ Wunnforme geschwat. Dozou gehéieren déi sougenannten "Tiny Houses", an do gesäit de Fränk Dimmer, Vizepresident vum Resonord, d'Gemengen um Zoch.

"Do gëtt et jo vum Intérieur säit 2023 eng Dispositioun, déi de Gemengen zur Verfügung gestallt gëtt, fir dat an hir PAGen ze iwwerhuelen. Et ass natierlech lo un de Gemengen, einfach mol de Courage ze hunn, fir déi dote Saachen an hier PAGen ze iwwerhuelen, fir sech sou een zousätzlecht Instrumentarium ze ginn, fir eben och déi Wunnformen, déi Haiser, hei zu Lëtzebuerg ze geneemegen."

Ee Constat, dee gemaach gouf, ass deen, datt de bürokrateschen Opwand ze héich ass an déi eigentlech Aarbecht ausbremst. D'Annick Neven, Assistante sociale beim Office social du Centrest:

"Ech denken et ass keen Office social oder am Groussen a Ganze kee soziale Service, deen d'Daimercher dréint. Egal wéi vill Personal mer hunn, mir schaffe mat Leit, et ass eng sozial Aarbecht, d'Wuelbefanne vun de Leit steet am Fokus a leider duerch déi ganz Bürokratiséiserung an déi ganz Demarchen, déi een huet, kënnt déi richteg sozial relational Aarbecht vill ze kuerz. An dat ass am Fong immens schued dee Moment."

Ee grousst Thema waren och déi sougenannte Cafészëmmeren, an deenen d'Leit ënnert deels ganz schlechten hygieneschen Zoustänn liewen. Dat wier zwar net akzeptabel, mee mam Zoumaache géing ee sech awer schwéier doen, esou de Buergermeeschter vu Kayl, Jean Weiler.

"Well mer wëssen net, wéi déi Leit, déi do wunnen, déi wuel ënnert schlechte Konditioune wunnen, mee mir wëssen net dono, mir hu keng Garantie wéi déi dono wunnen. Dat heescht, iergendwou ass et ee Problem, deen een net einfach sou kann hinhuelen, op der anerer Säit mécht ee sech ëmmer Suergen, wat mat deene Leit, déi ënnert schlechte Konditioune liewen, geschitt wa se eraus gesat ginn, well et insalubre ass, wéi et fir déi virugeet, et huet ee keng Garantie."

De President vum Gemengesyndikat Syvicol, Emile Eicher, bréngt d'Iddi vun enger nationaler Policeunitéit, déi d'Hygiène vun esou Wunnenge kontrolléiert, an d'Spill. Dovunner hält den Inneminister Léon Gloden awer net ganz vill.

"Ech mengen et muss een och net alles zentraliséieren. Wann een um Terrain ass, de Buergermeeschter vu senger Gemeng kennt d'Problematiken um Terrain, weess wou déi Cafészëmmere sinn. Ka vill méi schnell agéieren, wéi wa mer lo rëm eng national Autoritéit zousätzlech géife schafen. Mee mir sinn als Ministère an och d'Kolleege vun der Regierung gär bereet, d'Gemengen do weiderhin ze beroden, fir hinnen ze hëllefen, déi do Problematik geléist ze kréien."

Et misst een de Geschäftsmodell vun de Cafészëmmere generell hannerfroen an éischter op aner Wunnmodeller setzen, zum Beispill WGen an Tiny Houses.