En Tuerm als Hommage un deen, deen de Lëtzebuerger Festungsmaueren hiren Numm ginn huet.

D’Vaubansmaueren vun deemools am Stol vun haut

Et ass eng Iddi vum Millebaacher Jong Gérard Philippe. Fir dem Vauban seng Festungsmaueren an d’Modernt ëmzesetzen, proposéiert säi Projet eng Konstruktioun riets oder lénks vun der Rouder Bréck, op Kierchbierger Säit. Et soll eng filigran Struktur ginn, eng 3-D Replique vun der Vaubansfestung mat hiren Ecken a Kanten. Eng op den éischte Bléck verréckten Iddi, déi awer, op den 2. Bléck, duerchaus kéint Potential hunn, an dat net just um Niveau vum Tourismus. Engersäits soll d’Natur zu Éiere kommen – Beem an Hecken a Backen, Zorten déi hei zu Lëtzebuerg doheem a rar sinn, kéint een an d’Konstruktioun mat abannen, esou hätt een och den Insekten eppes ginn.

Eng Attraktioun op Kierchbierger Säit

Op dës Säit vun der Bréck kéint en hi kommen, oder awer op déi aner… ??? de Vauban-Tuerm kréich et, géif en dann als Optioun, als ongewéinleche Projet fir d’Stad vun den Decideuren an d’A gefaasst, mat der Unesco ze dinn an natierlech mam Environnement. Brauch d’Welt esou eppes wéi dat hei? Ass et intressant, d’Geschicht mam haut a mat Europa ze verschmëlzen? Mat Mittal-Stol soll e gebaut ginn, vum Stolries gratis zur Verfügung gestallt – e puer honnert Meter nëmme vum neie Site vu Mittal, um Boulevard Kennedy ewech.

RTL

© Hommage Vauban, Projet vum Gérard Philipp

Esou eng Iddi brauch hire Visionär

De Gérard Philipp, Visionnär mat der "Tuerm-Iddi", hat scho mol esou Iddien, an de Courage se auszeschaffen an dann ze presentéieren. Eleng eng Zort Denkmal soll de 60 Meter héijen Tuerm net sinn. Eng Rutschban fir Kanner gehéiert senger Meenung no grad esou an d’Konzept, wéi d’Geschicht vun der Festungsstad.

RTL

© Hommage Vauban, Projet vum Gérard Philipp

Filigran a realisabel

Den Ingenieur Andrea De Cillia war ugangs iwwerrascht an dunn och en Téck begeeschtert vun dëser geckeger Iddi. D’Constructioun wier absolut realisabel, och mam zousätzleche Gewiicht vu Beem oder soss Elementer.

Him hätt de "Méi" un dëser Iddi gefall, dass et net nëmme soll en Tuerm mat Vue ginn, mee dass et nieft dem Historeschen och en Aspekt soll ginn, deen ëmwelttechnesch innovativ ass. Stéchwuert Economie Circulaire. Graff a kleng gerechent kéim een op ronn 18 Milliounen – fir en Unikat wier dat dach net ze vill.

RTL

© Hommage Vauban, Projet vum Gérard Philipp

Esouguer de François Valentiny wier um Projet intresséiert gewiescht, wéi een hei op sengen éischte Skizze gesäit. Wie weess, vläit spréngt jo ee mat drop, op d’Kierchbierger Tuerm-Iddi. "Nee" hätt bis elo op alle Fall keen him gesot, deem hie säi Projet presentéiert huet.