"D'Kommunikatioun ass eng aner, wéi mir gewinnt waren"

© Diana Hoffmann
D'Policegewerkschaft SNPGL huet sech e Méindeg den Owend fir hir Generalversammlung an der Stad am Sëtz vun der CGFP getraff.
Et war eng Generalversammlung vun enger Gewerkschaft, déi anescht verlaf ass, wéi een dat vun engem SNPGL (Syndicat National de la Police Grand-Ducale) gewinnt ass. Ma zanter der leschter Versammlung hu sech och eng Partie Saache geännert. Eng nei Presidentin, en neie Policeminister an en neie Generaldirekter. "Eis Hoffnung, dass mir déi Transparenz an dem Dialog mat eise Cheffen hunn, déi mir eis säit Jore wënschen a fuerderen, schéngt sech z‘erfëllen", sou d‘Presidentin vun dem SNPGL an hirer Schlussried.
D'Personalvertriedungen hätten elo eemol de Mount eng Entrevue mam neie Generaldirekter vun der Police, dem Pascal Peters. An och mam CSV-Policeminister Léon Gloden wier d‘Kommunikatioun eng aner, wéi ee se an de leschte Jore gewinnt gewiescht wier. Antëscht wier souguer och an den Dossier vun der lokaler Police Rou komm. "Fir dat néidegt Personal suergt de Minister Gloden", sou d'Marlène Negrini. A weider: "Merci dofir".
D‘Gewerkschaft ass awer och hirem Rôle trei bliwwen, fir ze kritiséieren. Eng Fuerderung ass, dass et mat der Voie express, also dem Reklassement bei der Police, weidergeet. Virun 2 Joer wier dëst per Geriichtsurteel gestoppt ginn. 200 Leit hätten deen Ament hir Kandidatur gestallt gehat. "Bal 2 Joer méi spéit ass nach ëmmer näischt geschitt an déi Leit waarden nach ëmmer drop, wéi et soll weider goen", sou d‘SNPGL-Presidentin. Antëscht wieren nach Beamte bäikomm, déi 15 Déngschtjoer erof hunn, an domat eigentlech e Recht op d'Voie express fir an d'B1-Karriär.
E weidere Besoin géing den Encadrement fir d'Kanner vu Policebeamte bleiwen, deen net vun normale Maison-relaisen a Crèchë kéint gedeckt ginn. Dëst wier eng Diskriminatioun vun de Leit, déi dräi Schichte schaffe missten. D'Crèchen a Maison-relaise wieren an der Woch op. "A wat ass nuets? samschdes, sonndes, d'Feierdeeg?", sou d'Fro an de Raum. En Ëmdenke wier hei néideg. Doriwwer eraus gouf och de Primme-System bei der Police kritiséiert, dee weiderhi géing ongerecht bleiwen.
"Den SNPGL huet aktuell 2.285 Member", seet de Generalsekretär Christian Hoffmann. Jonk Fonctionnaire-stagiaire fir d'Zukunft ze gewannen, wier awer net einfach. "Et kann natierlech och dorunner leien, dass mer déi lescht Joren den Zougang zu de Fonctionnaire-stagiairen an der Policeschoul quasi refuséiert kruten an esou eise Message guer net ukomm ass. Mat der neier Policedirektioun muss do Besserung a Siicht sinn", mengt den SNPGL-Generalsekretär.
Luef gëtt et dann och nach vun him fir den neie Policegeneraldirekter Pascal Peters, deen déi richteg Persoun op der richteger Plaz wier. D'Management vun der Police kritt dogéint eng Ruge: Si kriten déi Police, déi si géinge schafen. Dëst sollt ee sech mierken.