Ronn d'Hallschent Widderhuelungstäter
Zanter Ufank vum Joer goufen a Stater Quartieren eng 100 Drogendealer festgeholl

Am Stater Garer Quartier sinn an de leschten dräi Méint 59 Persoune wéinst Drogenhandel festgeholl ginn.
Dat ass e gutt Stéck méi, wéi ëm déi selwecht Zäit zejoert, mat 37 Interpellatiounen. Am Garer Quartier, genee wéi zu Hollerech, Bouneweg a ronderëm de Centre Hamilius, sinn zanter dem Ufank vum Joer eppes méi wéi 100 Leit wéinst Drogenhandel festgeholl ginn.
Fir ronn d‘Hallschent dovu war dat net fir d‘éischt, datt fir si an de leschten 18 Méint d'Handschelle geklickt hunn deësen Undeel géif dann tendenziell och klammen. Dat äntwert den CSV-Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
Am meeschte gelies