Dealer bitt ziville Polizisten Drogen un

© Envato LightFieldStudios
Kuerz viru Mëtternuecht e Sonndeg den Owend hate Beamten an Zivil en Dealer am Garer Quartier gepëtzt. Dat nodeems si vun him Drogen ugebuede kruten.
Nodeems de Mann d'Beamten, déi zivil ënnerwee waren, op der Héicht vun der Stroossbuerger Plaz ugeschwat hat, hu si sech als Polizisten z'erkenne ginn, wouropshi si de Mann hu missen immobiliséieren. Bei der Kierperkontroll konnten d'Polizisten dunn eng Partie Drogeplombe fannen.
De Parquet huet ordonéiert, den Dealer festzehuelen. Hie koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Mann mat Messer blesséiert
Zu Ettelbréck op der Garer Plaz war iwwerdeems géint 20.25 Auer e Mann mat engem Messer blesséiert ginn. Op der Plaz hunn den Täter an d'Affer, déi allebéid ze vill gedronk haten, uginn, gestridden ze hunn, woubäi een deen anere mat engem Messer um Been liicht blesséiert huet. D'Affer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Beim Täter konnten d'Beamten nach en zweet Messer fannen a sécherstellen. Dësen hat sech bei der Kontroll awer esou donieft beholl, datt hien d'Nuecht huet missen um Policebüro verbréngen.