Vu 16 Auer e Méindeg de Mëtteg u souzen déi zwou Gewerkschaften an der Chambre des Salariés zesummen.

D‘Gewerkschaften LCGB an OGBL wëlle bis Ufank nächste Mount en Aktiounsprogramm festleeën, wéi si op dem CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo seng Propositioun wëlle reagéieren, dass Kollektivverträg an de Betriber solle kënnen an Zukunft ouni d‘Gewerkschaften negociéiert ginn.
 
Et wéilt een elo d‘Leit iwwer d‘Situatioun informéieren a sech mat den Delegéierte beroden, fir en Dossier ze preparéieren, sot de President vum LCGB, de Partick Dury no der Reunioun. Doriwwer eraus huet hie betount, dass déi zwou Gewerkschaften dee ganzen Dossier géingen zesumme maachen. Dat ënnersträicht och d’OGBL-Presidentin Nora Back no der Reunioun.
 
Duerch den Avant-Projet vum Aktiounsplang gesinn d'Gewerkschaften de Sozialdialog a Gefor.

Och mat senger Decisioun, per Gesetzesprojet d‘Sonndesaarbecht op 8 Stonnen eropzesetzen, hätt den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo nach eng Kéier gewisen, dass hien de Sozialdialog net eescht géing huelen, huet d‘Presidentin vum OGBL, d‘Nora Back, ënnerstrach.

"Dat huet eis wierklech nach eng Kéier kal erwëscht e Freiden den Owend, wou mer matkritt hunn, dass dee Projet de loi deposéiert ginn ass, well mir am Comité du travail et de l‘emploi iwwer d‘Sonndesaarbechtszäite geschwat haten. An do vum Aarbechtsminister gesot kritt hunn, dass mer nach eng Kéier un den Dësch kommen, fir weider ze diskutéieren, ier legiferéiert gëtt. Dat ass net passéiert."

Domat géing d‘Kollektivvertragswiese weider geschwächt ginn. Grad am Commerce hätte vill Geschäfter, déi Sonndes wéilten opmaachen, dëst mat de Gewerkschaften an engem Kollektivvertrag verhandelt. De President vum LCGB, de Patrick Dury gesäit och net an, wisou un der aktueller Prozedur eppes soll geännert ginn:

"Do wou d‘Sonndesaarbecht duerch e Kollektivvertrag gereegelt ass, ass et kee Problem méi. Well se ass am Kollektivvertrag gereegelt. Mir hunn am Juli eng éischte Kéier vum Minister gesot kritt, e géif mat där Proposen nach eng Kéier erëmkommen. En huet dat net gemaach. Ech froe mech, wéi mer ënnert deene Konditiounen nach eng Vertrauensbasis zu deem Minister kënnen opbauen."