Dat ass d'Zil vun engem Gesetzesprojet, deen um Freideg am Regierungsrot guttgeheescht gouf.

Deemno soll de Code du Travail sou ëmgeännert ginn, datt sonndes a Butteker an dem Commerce, amplaz vu 4 soll kënnen bis zu 8 Stonnen geschafft ginn. Fir déi prestéiert Stonne gëllt d'Majoratioun vun 70% op der Pai.
 
Wéi et heescht soll mat dëser Ouverture d'Work-Life-Balance vun de Leit, déi am Handel an Handwierk schaffen, besser respektéiert ginn.

Dem Schreiwes vun der Regierung no ass den Aarbechtsminister Georges Mischo der Meenung, datt mam Verduebele vun de méigleche Schaffstonnen um Sonndeg, den Equiliber tëscht den Aarbechtsrechter an der Aarbecht u sech respektéiert gëtt.