Onofhängeg vum geännerten Deckel beim Stroumpräis kënnt vun nächstem Joer un och eng nei Tarifikatioun bei de Käschte fir d'Notze vum Stroumreseau.

An do ass de Regulateur ILR mat agebonnen. D'Reseauskäschte sinn nieft dem Präis vun der Energie selwer an den Taxen en Haaptbestanddeel vun eiser Stroumrechnung.

Aktuell packt de Reseau nach de ganze Stroumverbrauch. Mat der energeetescher Transitioun an der Tendenz zu méi Elektrifikatioun kommen deels zolidd Käschte fir den Ausbau vum Stroumreseau op d'Land duer. Fir déi Käschten an der Zäit ze drécken, sollen d'Leit incitéiert ginn, de Stroum méi intelligent ze benotzen. Soss kann et eng deier ginn.

Et geet bei den neien Tariffer fir de Reseau awer net ëm manner Stroumverbrauch, mä drëm de Stroumverbrauch besser iwwert den Dag ze verdeelen, also zum Beispill fir net tëscht Mëttes 12 an zwou Auer all Apparater wéi Wäschmaschinn, Trockner, Kachplack, an d'Luede vum Elektroauto zäitgläich lafen ze hunn.

Et gëtt op de Site myilr.lu verwisen. Do kritt ee weider Explikatiounen, eng Rubrik Froen an Äntwerte wéi och en Erklär-Video.

D’Leit vum ILR hunn och gemengt, dass et um Enn wuel och net vu Muttwëll wier, wann ee manner Stroum verbraucht oder verstäerkt op Photovoltaik, also Eegeproduktioun vum Elektresch, setzt.

Personal gëtt fir Berodung forméiert

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der fréierer Ëmweltministesch vun déi gréng Joëlle Welfring erklären d’Ministeren Elisabeth Margue an Lex Delles, datt d’Regierung de Regulateure vum ILR (Institut Luxembourgeois de Régulation) an den Acteure vum Marché eng proaktiv a komplett Informatioun fir d’Clientë suggeréiert hunn.

D’Personal, wat am direkte Kontakt mam Client ass, wier amgaang forméiert ze ginn. Notamment d’Ekippe vun den Helplinne vun de Stroumfournisseuren. Donieft soll och d’Klima-Agence informéieren. Et gëtt widderholl, datt d’Stroumclienten näischt spezifesch maache mussen, wann déi nei Tarifstruktur am neie Joer a Kraaft trëtt. D’Leit wieren awer gutt beroden, hir Stroumapparater wéi Elektrobornen a Wäermepompelen net mat maximaler Leeschtung a wann et geet net, net parallel lafen ze loossen. Och kéinten déi Stéit, déi eng Photovoltaik-Anlag an Autoconsommatioun hunn dovunner profitéieren, fir d’Netznotzung ze drécken.