Ëmweltschutzorganisatioune fuerderen e Grenzwäert fir TFA-Chemikalie am Waasser. D'Ëmweltkommissioun huet dës Woch iwwert de Sujet diskutéiert.

D'Drénkwaasser gehéiert zu de bescht kontrolléierte Liewensmëttel an ass hei am Land vu gudder Qualitéit. Zanter längerer Zäit awer schloen Ëmweltorganisatiounen Alarm. De Grond ass d'Éiwegkeetschemikalie TFA, déi iwwerall, och am Waasser, ze fannen ass. Den Taux dovunner wäert weider an d'Luucht goen, wann net gehandelt gëtt.

D'Urgence wier total erkannt, sot de President vun der Ëmweltkommissioun Paul Galles, no der Reunioun. 
D’Éiwegkeetschemikalie Trifluoressigseier TFA baut sech extrem lues of an ass deemno iwwerall ze fannen. An der Atmosphär, am Buedem, a Liewensmëttel an am Waasser. 
 
"Mer hunn nach kee Grenzwäert, mer hunn en Orientéierungswäert. Dee läit bei 12.000 Nanogramm pro Liter. Fir déi Zuel emol eng Kéier ze nennen. Mer sinn an deene Miessungen, déi mer am Moment hunn am Drénkwaasser, am Grondwaasser an och am Uewerflächewaasser wäit drënner. Sou dass elo eigentlech keng akut Gefor besteet. Mee et weess een, dass d'Gefor natierlech kéint méi an d'Luucht goen, well deen TFA a Saachen ass, déi mer am Alldag gebrauchen", huet de Paul Galles betount. 
 
Zu Lëtzebuerg gëtt TFA am Drénkwaasser zanter zejoert gemooss. Den Taux géing dem Ëmweltministère no bis zu 900 Nanogramm erreechen. Ëmweltorganisatioune fuerdere schonn zanter Joren en EU-Grenzwäert a fannen, dass d'Regierung hei net konsequent genuch wier. 
 
"Do komme Sätz vun eiser Regierung wéi: 'On suit avec interêt' wat do decidéiert gëtt. Majo zute nach emol, mir erwaarden eis als Mouvement écologique, dass dës Regierung seet: Do ass eng Éiwegkeetschemikalie am Waasser, se gëtt och schonn am Kierper vu Leit nogewisen, an Däitschland sinn där Analyse gemaach ginn. Dat huet näischt am Waasser verluer, dat baut sech net méi of. Dat huet näischt am mënschleche Kierper verluer. Alles deit drop hin, dass et geféierlech fir d'Gesondheet ass", huet d'Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber ënnerstrach. 
 
Fakt ass, dass den Ursprong vum TFA villfälteg ass. Ze fannen a ville Produite wéi waasserdicht Kleedung, Kosmetik, Killmëttel oder Antihaftbeschichtungen. Ma Fakt ass och, dass PFAS-Pestiziden an der Landwirtschaft fir 50 Prozent vun der TFA-Belaaschtung responsabel sinn. 
 
"Et ass jo och sécher net den eenzele Bauer, deen de Problem ass. Mee et ass eng Landwirtschaftspolitik, déi, wéi se organiséiert ass, nach vill ze vill de Pestizid-Asaz an där Form zouléisst an d'Alternativen net genuch ënnerstëtzt", sou d’Blanche Weber. 
An der Politik gëtt hei vun enger integréierter Approche geschwat, wou een och wëll mat de Baueren zesumme kucken, wéi ee ka virgoen. Doriwwer eraus gëtt mam Fuerschungszenter List e Projet ausgeschafft. 
 
"Et muss jo och gekuckt ginn, wat sinn déi Hotspotten, wou deen TFA net soll virkommen. Also am Drénkwaasser a Schutzgebidder zum Beispill. An da muss natierlech ëmmer erëm gekuckt ginn, wat fir eng Industrien TFA produzéieren a wou se hierkommen. Dat ass eng ganz präzis, subtil Approche, wou ee genau muss am Detail kucken, an dat soll mam List zesummen ausgeschafft ginn", sot de Paul Galles.
 
Ufank d’nächst Joer sollen dann d'Donnéeë virleien. Soubal se analyséiert sinn, wäert d'Politik nees eng Kéier driwwer diskutéieren.