Wat bitt aides.lu, wat aner Outilen net kënnen?
De Site aides.lu soll Investisseuren a Persounen, déi eng éischt Wunneng fir sech kafen, en Iwwerbléck verschafen, wéi eng Hëllefen et am Logement ginn.
Online geet den Internetsite den 29. Oktober. Anescht wéi bei de Banken, wou een de Remboursement vu Prête simuléiere kann, baséiert aides.lu op Acquisitiounen, als dem Kaf vun Immobilien, a wat een dofir bezuele muss.
Sou gëtt engem virgerechent, wéi vill manner Fraisen ee jee no finanzieller Hëllef muss bezuelen. Als Beispill bei enger Immobilie, déi 1 Millioun Euro kascht, spuert een, wann een elo keeft, am Verglach zu virun engem Joer, ronn 40.000€. Dat eleng doduerch dass d’Enregistrementskäschten ëm d’Hallschent erofgesat sinn an de bëllegen Akt aktuell bei 40.000 € läit.
Et ginn natierlech nach weider Immobilien-Hëllefen: Eng komplett Iwwersiicht vun den Aidë fënnt een op www.logement.lu. Hei ass och opgelëscht, wat Gemengen u Subventioune kënnen ufroen, an och Leit, déi lounen. Et géif ee feststellen, datt vill Leit d’Aiden net richteg géife kennen, seet de Jean-Paul Scheuren vun der Chambre immobilière. Zum Beispill hätte vun de potentiell 30.000 Persounen, déi fir d’Subvention de loyer a Fro kommen, der just 4.000 reell eng Demande gemaach.
Souwuel Developpeuren an Immobilienagenten, wéi och d’Banke wëllen also méi transparent a proaktiv de Leit matdeelen, wat fir Hëllefen et ginn.
D’Bankenassociatioun ABBL rechent iwwregens och domat, datt d’Zënse weider wäerten erofgoen, wat natierlech och en Avantage ass, wann een en Immobilieprêt opmécht.
Wat d’Zukunft vum Logementsmarché ubelaangt, sou wier et wichteg, dass déi privat Demande nees an d’Luucht géif goen.
Bei Wunnengen, déi et scho ginn, géif een eng Reprise vun den Transaktioune gesinn. Mee ebe bei de sougenannte VEFAen, also Immobilien, déi nei gebaut ginn, géif et nach méi lues dréinen. An et wieren awer nun emol d’Neibauten, déi hëllefe kéinten, d’Wunnengskris ze léisen.