Wann ee wëlles huet, eng Wunneng ze kafen, sollt ee sech den Internetsite "Aides.lu" mierken.

Dësen adresséiert sech an éischter Linn u Jonker, déi eng éischte Kéier eng Wunneng kafen an un Investisseuren. 
Si kënnen op deem Site, deen d'Section Développeurs vun der Chambre Immobilière gemaach huet, genee simuléieren, wéi vill eng Wunneng si mat den aktuellen Hëllefe kascht.

An der Chambre Immobilière mierkt een nämlech, datt d'Leit sech erëm fir de Logement intresséieren, seet de Jean-Paul Scheuren Porte Parole vun der Section Développeurs, mä et géif een och gesinn, datt de Client nach Beréierungsängschten hätt an et wier ee sech net sécher, ob hien iwwert all déi Mesurë Bescheed weess, déi d'Politik decidéiert huet.

Schliisslech wieren déi Moossnamen, dacks komplizéiert an technesch an dofir gëtt elo eng grouss Campagne lancéiert. Op "Aides.lu" fënnt een zum Beispill e Simulator, an deem ee sech kann ausrechne loossen, wéi vill ee muss bezuelen, wann déi verschidden Hëllefe bis ofgezu sinn, esou de Jean-Paul Scheuren:

"Mir hu souwuel den Enregistrement matagerechent wéi den Enregistrement 50 Prozent. D'TVA, déi een erof ka rechnen. Déi Saache sinn alleguer an den Acquisitioune matagerechent an an deem zweeten Deel hu mer matagerechent, wéi vill een all Mount muss zeréckbezuelen. Dat heescht, mir hunn an deem Simulateur all déi Aiden ageschafft, déi eng Persoun ka kréien."

Viséiert si besonnesch Jonker, déi eng éischte Kéier eppes kafen. Eng zweet Zilgrupp, déi een e bësse méi spéit well uschwätzen, si Leit, déi an de Steen investéieren. Och si kënne sech hir Situatioun ausrechne loossen:

"Wou se zum Beispill kënne rechnen: 'wat ass mäin Avantage, deen ech hunn, vun deem Amortissement 6 Prozent?' Eng Partie Leit - traditionell Lëtzebuerger - wëssen, wat deen Amortissement accéléré ass, well mer dat laang hei am Land haten. Et sinn awer och eng Partie, déi net wëssen, wat dat ass."

De Generaldirekter vun der Associatioun vun de Banken a Banquieren ABBL Jerry Grbic ass frou iwwert d'Initiativ, déi d'Section Développeurs vun der Chambre immobilière geholl huet:

"Ech wollt soen, datt mer et als Banke begréissen, datt mer elo e Site hunn, wou all déi Aiden do regroupéiert ginn, wou e Laie relativ einfach ka kucken, wou e steet a wat e ka kréien. Ech kéint mer virstellen, datt d'Banken dee Site do och notzen, fir déi Berechnungen ze maachen. Mir wëlle Prête maachen, d'Clientë kënne bei hir Bank goen, wa se wëlle wëssen, wou se hikommen, wa se fir e Montant X eppes wëlle kafen."

Den Ament ass de Site Aides.lu awer nach net online. Do muss ee sech nach 8 Deeg gedëllegen.