Eng Motioun, mat där d'Chamber e kloert Signal a Richtung Regierung geschéckt hätt, d'Roll vun de Gewerkschaften net ze beschneiden, gouf zeréckgewisen.

Sträit tëscht Aarbechtsminister a Gewerkschaften / Michèle Sinner

Et war bal gaangen an et wier e kloert Signal vun de Majoritéitsparteien a Richtung Gewerkschafte gewiescht, fir d'Relatiounen ze calméieren, nodeems et zanter Wochen déck Loft tëscht hinnen an dem Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) gëtt, als alleréischt wéinst de Kollektivverträg.

Déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard hat eng Motioun proposéiert, an där d'Chamber nom "Eclat" d’Regierung opgefuerdert hätt, d'Roll vun den national a sektoriell representative Gewerkschaften an de Kollektivvertragsverhandlungen net ze beschneiden.

Mee um Enn huet d'Majoritéit an der Chamber awer dogéint gestëmmt. A sou ass der Majoritéit hir Positioun nees ambigu, obwuel den Aarbechtsminister selwer en Dënschdeg, uganks der Sitzung an der Froestonn, en zimmlecht kloert Bekenntnis zum Sozialdialog gemaach an ënnerstrach hat, hien hätt ni gesot, d'Gewerkschafte géifen hire "Monopol" fir d'Verhandlunge vu Kollektivverträg ewechgeholl kréien.
 
Dobäi hat et gutt ausgesinn. Am Numm vun der CSV-Fraktioun hat d'Stéphanie Weydert kleng Ännerunge proposéiert. Si wollt léiwer vun "Diskussiounen" wéi vun "Eclat" tëscht Minister a Gewerkschafte schwätzen – et gouf e bësse gelaacht an der Chamber. An amplaz, datt d'Regierung sech sollt engagéieren, d'Roll vun den national oder sektoriell representative Gewerkschaften an de Kollektivvertragsverhandlungen net ze beschneiden, wollt ee se invitéieren: "à continuer à reconnaître le rôle des syndicats, well ech mengen net, datt hei iergendeng Restriktioun war. Mee t’ass einfach d'Unerkennung vun deem, wat d'Syndikater an deene leschte Jore geleescht hunn." Da géif d'CSV matstëmmen. An d'Djuna Bernard war mat deenen Ännerungen averstanen.

Ma als nächst krut den LSAP-Deputéierte Georges Engel d'Wuert, dem Georges Mischo säi Virgänger als Aarbechtsminister. Hie konnt net anescht wéi stëppelen, bei esou enger Motioun hätt d'CSV fréier gejaut: "Dat do braucht der guer net ze maachen, well dat steet am Gesetz. Firwat musse mer hei eng Motioun stëmmen, déi superfétatoire ass. Haut stëmme mer eng Motioun, fir d'Regierung opzefuerderen, sech un d'Gesetz ze halen. Dat ass scho speziell."

De Marc Baum vun déi Lénk huet zwar net mat Kritik um Aarbechtsminister gespuert. Mee e war mat der Motioun d'accord: "Mee da misst awer dobäi stoen, fir, datt mer ee fir allemol Kloerheet schafen: Le rôle exclusif des syndicats, justifiant la représentativité nationale générale oder la représentativité sectorielle. Well dann hu mer Kloerheet geschaaft."

Dem Gilles Baum goung dat awer ze wäit. De Fraktiounschef vun der DP sot: "Här President, ech géif menger Fraktioun proposéieren, den Text unzehuelen, mee ouni d’Wuert 'exclusif'."

Konkret war d'Propositioun vum Marc Baum, datt d'Chamber d'Regierung invitéiert,  "à continuer à respecter le rôle exclusif des syndicats justifiant de représentativité nationale générale ou de la représentativité sectorielle dans la négociation et la signature de conventions collectives de travail."

An dem Gilles Baum seng: "à continuer à respecter le rôle des syndicats justifiant de représentativité nationale générale ou de la représentativité sectorielle dans la négociation et la signature de conventions collectives de travail."

Ma virun d'Wiel gestallt, huet d'Djuna Bernard, där hir Motioun et jo ursprénglech war, sech fir d'Versioun vun hirem Bänknoper Marc Baum decidéiert. Den Text gouf mat "exclusif" ofgestëmmt - dat entsprécht och sënngeméiss dem Gesetz an de ganze Sträit war jo lassgaangen, well de Georges Mischo duerchblécke gelooss hat, och neutral Delegéiert, déi kenger Gewerkschaft ugehéieren, misste kënnen e Kollektivverträg verhandelen.

A sou goung d'Motioun net duerch. Nieft der DP huet och d'CSV en bloc géint d'Motioun gestëmmt. D'Deputéiert vun der ADR hu sech enthalen. Sou gouf en Dënschdeg an der Chamber d'Chance verpasst, dee gréisste Sträitpunkt tëscht Gewerkschaften a Regierung - den 3. Dezember hu si Aktioune geplangt - mat engem klore Signal aus dem Wee ze raumen.

Op Nofro, firwat d'DP net matgestëmmt huet, sot de Gilles Baum, fir seng Fraktioun hätt een déi Motioun am Fong net gebraucht. D'Gewerkschaften hei am Land wiere staark a ganz gutt, an déi lescht zéng Joer hätt ee gutt mat hinnen zesummegeschafft. Tëscht den Zeile gëtt et och Kritik um Aarbechtsminister Georges Mischo: "Déi Situatioun an där mer sinn, ass eng onglécklech Situatioun. Ech géing mengen, datt et wichteg wär, sech un en Dësch ze sëtzen, rengen Dësch ze maachen an dann erëm bei null unzefänken. Ech mengen, datt d'Dieren absolut net verschloss sinn, weder vun där enger, nach vun där anerer Säit. An dofir mengen ech, datt de Minister Mischo sech muss op d'Gewerkschaften zou beweegen. Wéi gesot, mir haten eng Motioun, déi mer och akzeptéiert hätten, mee et sinn herno nach weider Ännerungen an deen Text dobäikomm an dunn hu mer geduecht, lo musse mer awer iergendwann ee Punkt setzen."

Ausso Gilles Baum

Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz, fréier selwer Gewerkschaftsfonktionär, huet sengersäits erkläert, d'CSV hätt d'Motioun "mat Freed" matgedroen - wann net nach weider Ännerunge vum Marc Baum proposéiert gi wären. An de Georges Engel se net mam "superfétatoire" gezeckt hätt: "Mir hu gesot, deen Text ass genau esou wéi d'Madamm Bernard geschriwwen huet, sou steet en och am Gesetz, mat der Representativité nationale a mat der Representativité sectorielle. Wann dee Saz esou bliwwe wier, wéi et war, da wier iwwerhaapt keng Diskussioun gewiescht. Mee hei ass elo op eemol ugefaange ginn, eng Surenchère ze maachen, wou ech och net weess firwat. Et ass fir eis dohinner ze stellen, fir mech oder den Här Mischo, ech weess net ween, dohinner ze stellen als ech weess net wat. An dat ass dat dee Wee, dee si mer eeben net matgaangen."

Ausso Marc Spautz