Eréischt virun 2 Deeg war et d'Nouvelle, datt d'Déifferdenger Gemengeconseillère Morgan Engel d'Partei verlooss hätt, elo kënnt d'Escher Conseillère dobäi.

En Donneschdeg de Moie koum d'Nouvelle, dass d'Gemengeconseillère vun Esch, Tammy Broers, hir Parteikaart bei de Piraten och ofginn huet a bei déi Gréng wiesselt. D'Tammy Broers seet, se hätt et einfach bei de Piraten net méi ausgehalen.

Extrait Tammy Broers (1)

"Et ass vill Mobbing a Bashing gewiescht tëschenteneen. Zesummenhale war net méi dran. Et war net méi auszehalen. Fir mech ass eng Partei zesummenhalen, zesummeschaffen an zesummen dee selwechte Wee goen. Mä dat ass mat de Pirate leider net de Fall gewiescht."
 
Anescht wéi den Deputéierte Ben Polidori, d'Conseillère aus der Stad Marie-Marthe Müller oder d'Morgan Engel, Conseillère zu Déifferdeng a Co-Spëtzekandidatin op der Süd-Lëscht fir d'Chamberwalen, geet et dës Kéier net bei d'LSAP. De Choix, bei déi Gréng ze goen, hätt reng lokal-politesch Grënn, esou d'Tammy Broers.

Extrait Tammy Broers (2)

"Mir hunn déi selwecht Linnen, déi selwecht Konzepter, wat mir hei an der Stad Esch wëllen änneren."

Am September hat d'Escher Gemengeconseillère Tammy Broers sech och schonn eng Kéier zum Sträit geäussert. Ënnert anerem wier si selwer vum Marc Goergen ënner Drock gesat ginn, de Communiqué z'ënnerschreiwen, mat deem eng Partie Gemengeconseilleren dem Marc Goergen de Réck gestäipt an hien ënnert anerem géint Mobbingreprochen a Schutz geholl hunn. Wéi d'Tammy Broers decidéiert hätt, neutral ze bleiwen, hätt si e Message vum Marc Goergen kritt, an deem hie schreift, "du weess schonn, datt de Sven där wëll lass ginn". Ausserdeem hätt hie sech doriwwer geiergert, datt si zu Esch an de Gemengerot gewielt gouf. Dowéinst hätt si vun Ufank u keng Ënnerstëtzung kritt a wier deels esouguer bewosst falsch informéiert ginn.

Nach ass de Parteiwiessel net formell

Nach ass de Parteiwiessel vun der Pirateconseillère net formell aktéiert. Déi Decisioun muss nach den nationalen Exekutivbüro vun der grénger Partei no der Allerhellegevakanz huelen. Wann een dem grénge Conseiller Meris Sehovic awer en Donneschdeg de Moien nogelauschtert huet, dierft deem näischt méi am Wee stoen. Et wier een iwwerzeegt, datt d'Tammy Broers enorm gutt bei déi Gréng passe géif a Wäerter mat erabréngt, déi wäertvoll wiere fir déi gréng Partei. D'Ex-Piratin géif nämlech d'Mënsche vun Esch vertrieden, déi soss keng Stëmm hätten.

Extrait Meris Sehovic

Déi Gréng hunn aktuell zwou Demandë virleie vu Piraten, déi bei si wiessele wëllen. Nieft der Conseillère huet bis elo och de President vun der Escher Lokalsektioun vun de Pirate Patrick Steffen bei de Gréngen ugeklappt. Déi Escher Gréng fäerten all Zäit net, datt dat internt Gestreits bei de Pirate sech negativ op si ausübe kéint. Hien hätt "weder Zäit, nach Loscht", fir sech grouss mat de Problemer vun de Piraten ze beschäftegen, esou de Meris Sehovic.

Bei de leschte Gemengewalen haten d’Piraten 19 Gemengeconseilleren erakritt. Dovunner der eleng 4 als Ekipp ëm den Deputéierte Marc Goergen zu Péiteng. 5 Piraten hunn an de leschte Méint schonn hirer Partei de Réck gedréint. Mam Pascal Clement an der Marie- Marthe Muller hunn an der Stad souguer zwee Piratepolitiker a kuerzer Zäit d’Bengele bei d’Tromm gehäit.

Och den Tommy Klein, Coordinateur a politesche Beroder vun der Partei confirméiert, datt Drock vu Bausse kënnt.

"Si ginn an hire Gemengen, an och Membere vun eis, op ganz vill Saachen ugeschwat, mat deene si näischt ze dinn hunn. Leit, déi mat ënnert där Situatioun leiden a sech zu Saache mussen äusseren, wou se net all Informatiounen hunn oder näischt domat ze dinn hunn."

Et kann een et mat enger Scheedung vergläichen. D'Elteren trenne sech an d'Kanner leiden drënner. Et kann ee gespaant sinn, wéi d'Piraten nees op d'Been kommen. Mat neie Statuten eleng ass et do wuel net gedoen.