Atomzentrale sinn net nohalteg, de Bau dauert Joerzéngten, si si geféierlech a vill méi deier wéi erneierbar Energien.

Kuerz gesot: mat Nuklear-Energie erreecht een näischt am Kampf géint de Klimawandel. Dat sot den deemolegen Energieminister Turmes 2022 der EU-Kommissioun, wéi dës Atomenergie als nohalteg wollt astufen. Déi aktuell Regierung bleift op där Ligne. Wat d'Associatioun Lëtz Atom bedauert, déi e Samschdeg um Knuedler d'Virdeeler vun Atomenergie erkläert huet.
 
Si waren zu hirer jett aus verschiddenen EU-Länner, et ënnerstëtzt ee sech géigesäiteg a - se hate prominent Hëllef vun déi Säit dem Atlantik. De Mark Nelson war um Knuedler; hie steet do iwwer fir Atomenergie, verkeeft se - net fir eng Lobby - mee well hie se studéiert huet an vun hiren Avantagen iwwerzeegt ass.

"Ech denken net, dass et zu Lëtzebuerg jeemools eng oppen Diskussioun iwwer Nuklearenergie gouf. Et gëtt eng komplett nei Tendenz pro Atom an Europa. Et ass komplett anescht wéi nach virun 3 Joer. Engersäits wéinst dem Krich tëscht Russland an der Ukrain an der Perte u fossillen Energien. Mee da gesäit een och, dass déi weltwäit gréissten Entreprisen an den USA dëst Joer annoncéiert hunn, op Nuklear ëmzeklammen." 
 
Den Direkter vum Lëtzebuerger Lëtz Atom Grupp ass op d'mannst grad esou iwwerzeegt vu sengem Studium an deem wat hie geléiert huet. Dass Lëtzebuerg Atomenergie refuséiert, wier net gutt, schonn eleng, well d'Präisser vun Hëtzt a Stroum an d'Luucht schéissen. Méi bëlleg a sécher, da seet de Bierger Jo.
 
Den Atomoffall géingen déi nei Technologien dann och erëm verwäerte kënnen, sou wéi Rollce Royce et zum Beispill an hirem Clip illustréiert. Nuklearenergie als nohalteg Méiglechkeet, d'Klimaziler z'erreechen. Wie sech fir hir Argumentatioun intresséiert, fënnt Detailer op letzatom.lu.