Och Betriber hei zu Lëtzebuerg sollen e Stéck vum Kuch kréien
Um 1. Dag vum "Defence Technology and Innovation Day 2024" waren 250 Experte vun Arméi, NATO, EU a privaten Entreprisen op der Uni Belval.
De Brexit, d'Mandat vum Donald Trump a virun allem déi russesch Invasioun vun der Ukrain sinn d'Game Changer, déi e fundamentaalt Ëmdenken a puncto Verdeedegungspolitik an Europa ausgeléist hunn.
Bis 2030 wëll och d'Lëtzebuerger Regierung zwee Prozent vum Brutto National Akommes fir d'Defense ausginn. Geschat sinn et 1,5 Milliarden d'Joer, déi intelligent investéiert solle ginn, a wa méiglech och der Wirtschaft hei am Land ze gutt komme soll.
Um éischten Dag vum "Defence Technology and Innovation Day 2024" um Campus vun der Uni um Belval hunn e Méindeg 250 Experte vun der Lëtzebuerger Arméi, NATO-Agencen, der Europäescher Unioun, a virop och enger ganzer Rei Privatbetriber, déi hei am Land aktiv sinn, Rëschtungsprogrammer ausgetosch esou wéi hiert Wëssen an d'Vitrinne gestallt.
Eleng mat Bléck op d'Lëtzebuerger Defense feelt et iwwer dat nächst Joerzéngt net un Opportunitéiten, fir Geschäfter ze maachen. E Beispill ënner villen ass den neie Belsch-Lëtzebuerger Batallioun deen eng ganz Rei Ausschreiwunge matsec bréngt.
"Bei deene Ween, déi mir wäerte kafen, déi si relativ schwéier a komplex. Do kënne mer net iwwert d'Strooss fueren. Dat heescht, mir brauchen effektiv Simulatoren, déi déi Weeër simuléieren. Déi Weeër si sou komplex, datt dat bal op ee Full-Flight-Simulator erauskënnt. An do muss eeben dann de Chauffer, d'Kommunikatioun, de Battle-Management-System, awer och d'Waffestatioune musse simuléiere kënnen. An dat ass eng Simulatioun, déi et nach net gëtt" sou de Leutnant Colonel Guillaume Hansen.
Simulatoren, déi deemno elo zesumme mat der franséischer an der belscher Arméi entwéckelt ginn.
De Message ass kloer: Entreprisen, déi Knowhow hei zu Lëtzebuerg hunn, solle sech mellen.
Beispiller, wou Betriber hei am Land bei ganz grousse Rüstungsprojeten e Fouss an Dier stelle kéinten, goufen der eng ganz Rei ugeschwat. Bis 2032 muss och de Successeur fir déi 13 AWACS-Opklärungsfliger vun der NATO prett sinn. Fliger vum Constructeur Boeing, mat neier Technologie.
Geschafft gëtt den Ament och u Pläng, wéi ons Arméi zesumme mat engem Partner wéi Frankräich oder Däitschland, d'Europäesch Loftofwier stäerke kéint.
De Leutnant Colonel George Campill vun der Direktioun vun der Defense erkläert: "Dat kann och heeschen, dass eng weider Unitéit misst opgebaut ginn oder dass mer vläicht en neie Satellit brauchen, mä et ass kloer, dass do nei Capacitéite gebraucht ginn, Wéi eng? Dat ass un der Politik, fir dat ze decidéieren, wou Lëtzebuerg do hi geet."
Am Beräich vun der Satellittentechnik wäert d'Lëtzebuerger Defense bannent den nächste Joren an Zesummenaarbecht mat der SES op den dräi orbitale Positiounen der NATO esou wéi der Europäescher Verdeedegung Capacitéiten zur Verfügung stellen. Ausgebaut gëtt dofir d'Buedemstatioun um Härebierg.
D'Investissementer eleng hei zu Lëtzebuerg respektiv mat Partnerstaate kënnen dem Privatsecteur an den nächste Joerzéngt Milliounen abréngen.