Happy BirthdayD'Prinzessin Claire kritt hir 41 Joer

RTL Lëtzebuerg
Den 21. Mäerz 1985 gouf d'Prinzessin Claire zu Filderstadt an Däitschland gebuer.

D’Prinzessin Claire vu Lëtzebuerg ass dat zweet Kand vum Hartmut a Gabriele Lademacher. Am Alter vun 11 Joer ass si mat hiren Elteren an d’USA ausgewandert, wou si zu Atlanta gewunnt huet, ier si 1999 nees zeréck an Däitschland geplënnert ass. Si huet hire Bachelor “International Communications” zu Paräis gemaach.

Am Dezember 2012 huet si sech mam Prënz Félix vu Lëtzebuerg verloobt an den 21. September 2013 hu si sech bestuet. Do krut si och den Titel “Son Altesse Royale la Princesse Claire”. D’Koppel huet zesummen dräi Kanner. De 15. Juni 2014 koum hir Duechter Amalia Gabriela Maria Teresa op d’Welt an den 28. November 2016 dunn hiert zweet Kand, de Prënz Liam Henri Hartmut. De 7. Januar 2024 koum dee klenge Prënz Balthasar Felix Karl an der Maternité op d’Welt.

Et kann een d’Prinzessin Claire bei verschiddenen offiziellen Optrëtter, wéi Nationalfeierdag oder der Ofschlosszeremonie vun der Oktav gesinn. Engagéiert ass si bei der Associatioun Luxembourg Transplant ASBL, déi ënnert hirem Patronage steet. Reegelméisseg hëlt si dann och um Weltdag vum Organspenden hei zu Lëtzebuerg deel.

Back to Top
CIM LOGO