No villen Diskussioune mécht den Ëmweltministère Neel mat Käpp
Den Ëmweltministère huet mat engem Retard vu ronn annerhallwem Mount seng Conclusioun a Saachen 380.000-Volt-Héichspannungsleitung bekannt ginn.
Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi Stroum verbraucht. An deen Trend dierft sech an Zukunft nach verstäerken, zum Beispill wéinst der Elektrifizéierung vun der Mobilitéit. Dofir ass een am Grand-Duché am gaangen, d'Stroumnetz ze moderniséieren. Eng zentral Roll soll dobäi eng 380.000 Volt-Leitung spillen, déi vu Bartreng bis op déi Lëtzebuerger-däitsch Grenz nërdlech vu Waasserbëlleg lafe soll. An deene leschte Joren huet de Projet deels fir hefteg Kritik aus der Populatioun gesuergt. Ma um Dënschdeg gouf am Ëmweltministère dee finalen Tracé presentéiert.
Net manner wéi 47 Kilometer ass d'Leitung, déi duerch 17 Gemenge leeft, laang. En Dënschdeg huet den Ëmweltminister Serge Wilmes d'Conclusion motivée ënnerschriwwen, déi konkret festleet, wéi ee Wee d'Leitung huele soll. "Soll", well d'Creos, déi d'Leitung realiséiert, muss sech net un d'Propose vum Ministère halen. De Serge Wilmes mécht awer kloer, datt d'Entreprise nëmmen an der Theorie vill Spillraum huet.
"Et ass sou, d'Creos kritt lo déi d'Conclusion motivée, genee sou wéi all déi Gemengen a Verwaltungen, déi concernéiert sinn. An dann ass et u Creos fir ze decidéieren, wéi eng Variant se schlussendlech an d'Autorisatiounsprozedur ginn. Natierlech geet een dovunner aus, datt d'Creos all Interêt huet, fir déi Variant dann zeréckzebehalen, déi mir hei virschloen, well et déi jo ass, déi mir gepréift hunn an déi a sech am verdréiglechsten ass mat der Ëmwelt."
Wat den Ëmweltschutz ugeet, géinge virun allem divers Natura2000- a Waasserschutzzonen Contraintë mat sech bréngen. Ma et hätt een och opgepasst, datt d'Leitung zum Beispill keng Wëld-Korridoren zerschneit. Et wier och doriwwer nogeduecht ginn, op d'mannst een Deel vun der Leitung ënnerierdesch ze verleeën. Ma um Enn huet ee sech dogéint entscheet. De Philippe Peters, Conseiller de gouvernement première classe am Ëmweltministère, erkläert firwat.
"An der Ofweiung vun all de Vir- an Nodeeler aus Siicht vun der Ëmwelt si mer zum Schluss komm, datt ee bei dësem Projet net an de Buedem soll goen. Et muss ee wëssen, fir eng ënnerierdesch Verleeung braucht een ongeféier an der Bauphase eng Breet vu 40 Meter, wou a sech dee ganze Buedem wechgeholl gëtt. Dono duerf och op enger Breet vun ongeféier 25 Meter kee Bësch méi drop stoen, dat heescht, de Bewuess muss ganz dënn bleiwen. Dat heescht, et kann een dat souwisou nëmmen a ganz flaache Beräicher maachen, wou keng Topographie ze iwwerwannen ass, wou kee Bësch oder soss wäertvoll Biotopen op der Uewerfläch géinge futti gemaach ginn."
Ma egal ob ënner- oder iwwerierdesch Leitung, et wier souwisou net méiglech, datt esou ee Projet guer keen Impakt op d'Ëmwelt hätt. Virun allem och, well een deelweis den Naturschutz an de Schutz vun der Gesondheet vun de Leit géinteneen opweie misst. Wat d'Gesondheet ugeet, wier een op alle Fall op der sécherer Säit.
"D'Leit musse wëssen, datt haut déi üblech Wäerter, déi bei den elektromagnéitesche Felder ugewannt ginn, 100 Mikrotesla sinn a mir hu fir dësen Dossier 0,4 Mikrotesla als Orientéierungswäert uginn, dee muss agehale ginn. An dee gëtt och laanscht dee ganze Projet, wéi mer en elo zeréckbehalen hunn, agehalen. Dat menge mir, ass eng vorsorglich Approche fir eng Froestellung, wou haut d'Wëssenschaft nach keng 100 prozenteg Äntwert drop huet."
De Wäert vun 0,4 Mikrotesla géing réischt bei enger Distanz vun ongeféier 100 Meter erreecht an et wier een um ganzen Tracé méi wäit vu Wunnhaiser ewech. Déi aktuell Leitung, wier op ville Plazen ee gudde Krack méi no. Wann déi nei Leitung mat hiren ongeféier 145 Maste bis a Betrib ass, gëtt déi al iwwregens ofgebaut. Am Virfeld vum Projet waren net manner wéi 989 Observatioune vun Eenzelpersounen, Associatiounen a Biergerinitiativen erakomm.
Ob et méiglech ass, d'Conclusion motivée juristesch ze kippen, ass dem Serge Wilmes no net ganz kloer. Am Ministère wier een der Meenung, datt et sech dobäi net ëm eng Decisioun, mee een Acte préparatoire handelt. Ma wie wéilt, kéint natierlech viru Geriicht goen. Vun deene 17 concernéierte Gemengen dierft dat awer wuel keng maachen. Och wa se net begeeschtert sinn, wier dee proposéierten Tracé wuel dee beschtméigleche Kompromëss.
An och d'Biergerinitiative vun Amber, déi sech géint d'Stroumleitung gewiert hat, schéngt mat der proposéierter Variant liewen ze kënnen. D'Variant, déi vum Ëmweltministère zeréckbehale gouf féiert nämlech iwwer de sougenannte "Bierger Bierg", dat ass de Plateau op der Säit vu Gonnereng Richtung Stad. Domadder wieren d’Naturschutzzonen op der Säit vun allẽnster an amber net impaktéiert, sou de Ministère.
Wéi séier de Projet virugeet, hänkt vun der Creos of, déi elo mol kucke muss, fir all déi néideg Terrainen beieneen ze kréien.