Chauffer stoung ënner Drogenafloss
Gefier iwwerschléit sech zu Ierpeldeng
Géint 21 Auer en Donneschdeg den Owend krut d'Police en Accident an der Route d'Ettelbruck zu Ierpeldeng gemellt.
Éischten Informatiounen no wier e Gefier hei an zwee geparkten Autoe gerannt an hätt sech duerno iwwerschloen.
De Chauffer gouf net blesséiert, huet awer misse vun de Secouristen aus sengem Gefier befreit ginn. Hie koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Den Alkohol- an den Drogentest ware positiv. De Fürerschäi gouf agezunn.
Am meeschte gelies