Déi Lénk fuerderen d‘Regierung op, d‘Energiepräissdeckelen oprecht ze erhalen. Dat op d'mannst nach fir dat ganzt nächst Joer.

Op enger Pressekonferenz e Freideg de Moien hunn déi Lénk betount, d‘Präisser vum Gas an Elektresch géife weider däitlech iwwer dem Niveau vu virun der russescher Invasioun an d‘Ukrain leien. Dobäi kéim déi nei Tarifikatioun vun de Käschte vun de Reseauen, déi déi Lénk verurteelen. De Berechnunge vun der Chambre des Salariés no misst all Stot geschwë méi fir d‘Energie bezuelen.

Déi Lénk ginn ze bedenken, dass elo déi bestrooft géifen, déi sech mat enger Wärmepompel respektiv engem E-Auto energeetesch ëmstelle wollten an elo méi Stroum verbrauchen. Well och d‘Subside gekierzt gi, wär et fir Privater net méi interessant, an erneierbar Energie z‘investéieren.

De Co-Parteispriecher Gary Diderich nennt dat "Sabotage" vun der Regierung un hirer eegener Intentioun vun der Energietransitioun.

D‘Populatioun wär net responsabel fir d‘Hausse vun den Energiepräisser, soen déi Lénk. D‘Regierung misst hir Hausaufgabe maachen an d‘Präisser weider deckelen. D‘Partei huet eng eege Petitioun mat deem Uleies lancéiert.