320 Bréifdréier a Bréifdréiesche leeë Recours an
 
                    © Didier Weber
Eng 320 Bréifdréier a Bréifdréieschen hu ronn 640 Recourse virum Verwaltungsgeriicht eragereecht, déi lo do instruéiert ginn.
Dës Chiffere confirméieren d'CSV-Ministere Margue a Wilmes. D’Bréifdréier froen an dëse Recoursen e Reklassement an d’Karriär C1.
Vue dass all d’Recoursen awer dee selwechten Objet hunn an se all vun deem selwechten Affekot eragereecht goufen, ass sech drop gëeenegt ginn, dass e puer Dossieren als Pilot-Dossier traitéiert ginn.
 
Déi eenzel Säite si sech och eens, datt sou bal eng definitiv Decisioun an dësen Dossiere geholl gouf, all Affären identesch a konform zu de Pilot-Dossieren wäerten traitéiert ginn.
Basis fir dës Prezisiounen iwwert d'Karriär vun de Facteuren war eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Duo Engel an Di Bartolomeo.
 
                     
                     
                     
                    