Wéi d'Kommunikatioun vun der Stad Lëtzebuerg matdeelt, goufen op bestëmmte Parkticket-Automaten an der Haaptstad gefälschten Autocollanten entdeckt.

Wéi et heescht, géif op dësen Autocollante mat der Opschrëft "Easy Park" e QR-Code stoen, deen een da mat sengem Smartphone scanne kann, fir säin Ticket ze bezuelen.

RTL

© RTL

Allerdéngs handelt et sech hei net ëm eng offiziell Säit, ma et kënnt een op eng falsch Internetsäit, op där d'Leit dann opgefuerdert ginn, perséinlech Informatioune weiderzeginn. D'Stad ënnersträicht, dass just d'Applikatioun "Indigo Neo", déi en Download vun der App an d'Uleeë vun engem Kont freet, an der Stad fir sou Servicer genotzt gëtt.

Op den Automate sinn dann och déi entspriechend "Indigo Neo" Autocollanten drop gepecht, den eenzegen Ubidder vu sou engem Park-Service. "Easy Park" gëtt et zwar, allerdéngs bidden déi hir Servicer net zu Lëtzebuerg un.

RTL

D'Servicer vun der VdL sinn am Moment am Gaangen, déi illegal Pechbiller sou séier wéi méiglech vu Parkautomaten erofzehuelen. Et gouf och eng Plainte bei der Police an deem Kader gemaach.

Hei den offizielle Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg

La Ville de Luxembourg tient à informer le public que des autocollants frauduleux ont été repérés sur certains horodateurs sur le territoire de la capitale. Ces autocollants signés « EasyPark » proposent aux usagers à payer leur taxe de stationnement en scannent un QR-code. Les codes renvoient vers un site frauduleux sur lequel les usagers sont invités à  partager des informations personnelles. 
 
La Ville tient à rappeler que seule l’application « Indigo Neo », nécessitant un téléchargement sur mobile ainsi que la création d’un compte d’utilisateur, permet de régler les taxes de stationnement sur la voirie à Luxembourg-ville. Un autocollant explicatif signé « Indigo Neo » est apposé sur la face latérale des horodateurs.
 
Les Services de la Ville de Luxembourg s’attachent à retirer les autocollants illicites dans les plus brefs délais et une plainte a été déposée auprès de la Police grand-ducale.