Am Kader vun enger Spezialemissioun iwwert Arnaquë siche mir Leit, déi schonn emol Affer vun esou engem béisen Trick goufen.

Ëmmer méi dacks héiert een, datt nees eng falsch E-Mail-Adress, eng falsch SMS, e Phishing oder soss e Bedruchsversuch ënnerwee ass.

War et soss alt emol nach zimmlech einfach, eng "Fake-Mail" oder "Fake-SMS" ze identifizéieren, sou ginn och déi Onéierlech ëmmer besser an hiren Techniken.

RTL

Entretemps gëtt zum Beispill mat falsche Stickeren op Parkautomate geschafft, mat SMS-Opriff, datt een eng nei CNS-Kaart bräicht, oder mat E-Mailen, datt engem säin Netflix-Kont desaktivéiert gouf, respektiv Uriff, datt engem seng Visa-Kaart blockéiert gouf. Et gi komplett Internetsitten nogebaut, wou een zum Beispill Kleeder oder Elektronikartikel ka kafen, an dat zu engem immens interessanten Tarif.

Der Fantasie vun de "Scammer" si keng Grenze gesat an et si scho laang net méi just eeler Leit, op déi et déi Onéierlech ofgesinn hunn. An Zäite vun engem ëmmer méi stressegen Alldag huelen d'Leit sech net méi ëmmer Zäit, fir alles am Detail ze liesen oder eng E-Mail-Adress ze kontrolléieren. Ier ee sech ëmsinn huet, huet ee perséinlech Donnéeë gedeelt oder souguer eng Iwwerweisung gemaach, déi net beim geduechten Empfänger ukënnt.

Sidd Dir schonn emol Affer vun esou engem Bedruch ginn a sidd Dir bereet, dëst mat eis ze deelen, fir datt mir déi aner Leit kënne warnen? Da mellt Iech, andeems Dir de Formulaire hei drënner ausfëllt. Deemno wéi, huele mir da Kontakt mat Iech op. Merci.