Neien SAS-Kollektivvertrag ënnerschriwwen
© Copas
D'Patronatsvertrieder souwéi d'Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn e Mëttwoch eng nei Konventioun fir de Fleegesecteur ënnerschriwwen.
Ënner anerem gëtt et méi Punkte fir déi éischt dräi Karriären, eng Prime unique d'nächst Joer am Juni, souwéi Amelioratioune beim Vakanzegeld.
Am gemeinsame Communiqué schreiwen d'COPAS, d'FEDAS an den Daachverband vun de Jugendstrukturen, wéi och béid Gewerkschaften, datt et weiderhin Ongerechtegkeete gëtt, tëscht dem FHL an dem SAS-Kollektivvertrag. Dofir sollte Prozedure lancéiert ginn, fir eng gemeinsam Konventioun fir de Spidols- a fir de Fleegesecteur op de Wee ze bréngen.
Den neie Kollektivvertrag gëllt op den éischte Januar 2025 an dat fir 3 Joer. Am SAS-Beräich schaffen eng 15.000 Leit.