"Clinique de la douleur" fir Patiente mat chronescher Péng
25 Prozent vun de Mënschen an Europa leiden ënner chronescher Péng. Zanter zwee Méint gëtt et zu Nidderkuer dofir eng spezialiséiert Klinik.
25 Prozent vun de Mënschen an Europa leiden ënner chronescher Péng. Dorënner versteet een e Wéi, dee méi wéi dräi Méint laang dauert an och psychesch, sozial oder berufflech Auswierkunge kann hunn.
D’Katia Piernera huet chronesch Péng am lénksen Uewerschenkel, déi sech bis bei d’Knéischeif erofzitt. Zäitweis géif et sech ufille wéi Messerstéch, seet d’Spidolsmataarbechterin. Entzündungshemmer hëllefe just op de Moment. Besonnesch nuets ass d’Patientin schlecht drun. De Schlof leit drënner an op Dauer och den Alldag. Een Däiwelskrees. D’Katia Piernera hofft elo op d’Spezialisten an der "Clinique de la douleur".
Zanter zwee Méint ass deen neie Service zu Nidderkuer am CHEM, d’Clinique de la douleur, op. Et ass déi zweet spezialiséiert Struktur am Land. Zesumme mam CHL sengem Centre de traitement de la douleur ass si Deel vun engem nationale Kompetenz-Reseau.
Hiren éischte Rendez-vous huet d’Katia Piernera beim Algolog, dem Spezialist an der Medezin vun der Péng. Zil vun dëser Consultatioun wär et net just de Mechanismus vum Patient senger Péng z’erfaassen, erkläert den Dr. Salvatore Morrone. "Mais prendre en charge aussi le patient sur le plan psychologique. C'est très important, parce que la façon dont les aspects emotionnels comportementaux influencent la douleur pour nous est très importante.”"
Chronesch Péng ass eng Krankheet fir sech
40 Prozent vun de Leit, déi vu chronescher Péng betraff sinn, spieren dës um Beweegungsapparat. Dohannert kënne vill Ursaache stiechen. Lesiounen oder Dysfonctionnementer vum Nervesystem gesäit een och hei an der Clinique de la douleur. Grad wéi Kriibspatienten, Leit mat Migränen oder mat Fibromyalgie, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen. Déi multi- an interdisziplinär Ekipp, déi sech ëm d’Patiente këmmert, besteet aus spezialiséierten Dokteren, Infirmieren, Kinesitherapeuten, Psychologen an Dieteticienen.
Nieft Medikamenter gëtt an der Klinik och mat Infiltratiounen, Nervestimulatiounen, Massagen, Behandlunge fir d’Gelenker an aneren Therapië geschafft.
Chronesch Péng wär eng Krankheet fir sech, dofir misst ee se och esou behandelen, seet den Dr. Morrone. Eng Heelung wär net ëmmer méiglech. D’Objektiv wär et deemno, d'Liewensqualitéit vun de Betraffenen ze verbesseren. D’Intensitéit vum Wéi erofzesetzen a Problemer mam Schlof, Middegkeet a soss Symptomer ze verbesseren. Dem Patient hëllefen, physesch nees méi aktiv an domadder och méi autonom ze ginn.
Chronesch Péng géif dacks an der Gesellschaft falsch verstane ginn, gëtt den Dr. Morrone, deen d'Struktur am CHEM opgebaut huet, ze bedenken. Fir vill Patiente wär dat eng zousätzlech Belaaschtung. Déi nei Klinik géint d’Péng kéint do net just Hoffnung, mee och eng Unerkennung bedeiten.