Generatiounsproblem op der Musel
De Problem vum Generatiounswiessel hänkt wéi eng donkel Wollek iwwer der Muselregioun. Ëmmer méi Wéngerte sinn esou al, wéi d‘Wënzer, déi domat schaffen.
An de leschte véier Joer hunn 28 Betriber hir Dieren zougemaach. Hoffnungslos ass d‘Situatioun net. Mä d‘Wënzer brauche politesche Réckhalt fir de Beruff fir nei Generatiounen interessant ze halen.
De Josy Gloden ass kee Pessimist, an awer: Wéngerten ewéi dësen, déi sech selwer iwwerlooss goufen, ginn et antëscht op 22 Hektar laanscht d‘Musel. Haaptgrond: ze wéineg Nowuess, dee sech an de Wéngert stellt an no den Drauwestäck kuckt. Josy Gloden, President vum Fonds de Solidarité viticole:
"Mir hunn nach eng gutt 40 Wënzer ënner 40 Joer, déi e Betrib leeden. Déi meescht Patronen hunn tëscht 40 a 60 Joer. Ma och iwwer 60 Joer ginn et op der ganzer Musel nach eng 100 Wënzer. D‘Altersmoyenne ass also éischter héich."
Virun allem Betriber, déi hir Drauwe bei d‘Kooperativ féieren, hunn et schwéier, iwwerholl ze ginn. De kreativen Aspekt am private Keller feelt. Dat weess de Josy Gloden mat senger anerer Kap als President vun den Domaines Vinsmoselle. Donieft sinn et d‘Aarbechtszäiten a -Konditiounen, Paperassen, a Finanzen, déi e Jonken dovun ofhale kënnen, sech am Wäibau ze lancéieren. Den 33 Joer ale Privatwënzer Bob Molling hat sech trotzdeem getraut, Wéngerte vun der Famill nees ze bewirtschaften:
"Do war och emol eng Kéier keng Nofolleg do. Do gouf eng ganz Generatioun iwwersprongen. Ech hu mech dunn decidéiert, zeréck bei meng Originnen ze goen a kee Bürosjob ze maachen, mä an a mat der Natur ze schaffen. An deem Sënn hat ech 2019 d‘Geleeënheet, Wéngerte vu menger Bom z‘iwwerhuelen."
E Keller fir seng eege Produktioun lount de Bob Molling awer och, a weider Wéngerten huet hie gepacht. Effektiv och vu Wënzer, déi opgehalen hunn.
*Positiv fir mech, dass ech scho méi einfach u Parzelle kommen. Och u gutt Lagen. Am Fong hätt ech awer och gären, wann et nach méi serréiert wär. Dat géing nämlech bedeiten, dass vill Beweegung an eise Miseler Wéngerte wär."
An de jonke Wënzer weess - genee ewéi dee méi méi Erfuerenen - dass Frichen, also Wéngerten déi verkomme gelooss ginn, eng Gefor sinn. Pilzen an aner Krankheete kéinte vun do aus hir gesond Planze befalen. De Josy Gloden dozou:
"Mir sinn elo mat der Landwirtschaftsministesch (Red: Martine Hansen) a mam Wäibauinstitut amgaangen un enger Léisung ze schaffen, fir den "Arrachage" mat enger Primm ze promouvéieren an d‘Leit ze obligéieren, hir Wéngerten erauszerappen, wa se net méi genotzt ginn. Do kann een dann e Biodiversitéits-Konzept drop maachen, fir dass op deenen Terrainen nees kéinten nei Wéngerten ugeplanzt ginn."
D‘selwecht hofft ee bei den administrativen Hürden, zum Beispill bei de Saisonsaarbechter, op eng séier Entlaaschtung vu Säite vun der Regierung. Der Entwécklung, dass weltwäit manner Alkohol gedronk gëtt, kann een och bei der Kooperativ just méi qualitativ héichwäerteg Produiten entgéint halen.