No Orange Week ass et "de Rescht vum Joer roueg ëm de Sujet"

© Envato
Mat der Directrice vu Femmes en détresse hu mer iwwer d'Orange Week awer och iwwert hir Aarbecht um Terrain an de Justizapparat zu Lëtzebuerg geschwat.
"Et ass gutt, datt et Initiative wéi d'Orange Week ginn an an där Zäit vill iwwer d'Gewalt géint Frae geschwat gëtt, mä ech fannen et schued, datt et de Rescht vum Joer op eemol roueg ass ëm de Sujet", seet d'Direktesch vu Femmes en détresse. Et géifen nach ëmmer vill Baustelle ginn.
Wat bis haut nach ëmmer ganz schwiereg wier, wier, fir Gerechtegkeet ze kréien, bedauert d'Andrée Birnbaum. "En Täter, deen ass jo esou laang onschëlleg, bis de Contraire bewisen ass. An dacks kënnt et guer net zu engem Geriichtsurteel, also bleift den Täter am Fong onschëlleg. An en Affer op där anerer Säit, dat gëtt och esou laang net als Affer ugesinn, wéi bewisen ass, dass et en Affer ass."
Fir d'Fraen, déi jorelaang Affer sinn a sech dann endlech trauen, eppes ze soen, wier dat eng extrem psychesch Belaaschtung, well se och nach d'Gefill hunn, datt keen hinne gleeft. En anere Problem wier, datt wann Urteeler sinn, d'Sanktioune vill ze liicht ausfalen.
"Meeschtens ass da souwisou, wa Prisong, dann nëmme Sursis an et gëtt och momentan absolut net genuch gemaach bei Recidiven. Wann ech elo d'Wegweisung vum leschte Joer kucken a vum virleschte Joer, do hate mer tësche 35 a 44 Recidiven. Dat heescht, dat waren Täter, déi ewech gewise gi sinn aus hirem Haus, wou et net fir d'éischt war. Heiansdo och net fir d'zweete mol net fir d'drëtt, mee souguer nach méi oft." Dat wier katastrophal.
"Dat ass e Message, deen ee gëtt. 'Okay, du schléis deng Fra, du gëss ewechgewisen, du schléis en nach eemol an nach eemol an et ass ëmmer nach geschitt, nach ëmmer näischt méi.' An dat däerft et net ginn."
En anere grousse Problem ass a bleift de Manktem u Plazen an de Fraenhaiser. 60 Frae sinn an der Moyenne op de Waardelëschten. Mä och fir déi Concernéiert dono ze logéieren, ass a bleift et extreem schwiereg, wéi den allgemenge Logementsproblem zu Lëtzebuerg. Dobäi kënnt, datt d'Fraen e Suivi brauchen, well et extreem wichteg wier, se och dono ze begleeden, fir kënnen autonom ze liewen, betount d'Directrice vun Femmes en détresse.
"Et kann ee se net no véier, sechs oder aacht Méint einfach an e Lach fale loossen a soen 'Na, elo gëss de selwer eens.' Dat geet net, ne? Also et feelt eis schonn emol u Posten. An natierlech, wa mer nach een, zwee Fraenhaiser dobäi kéinten hunn, dat wär natierlech topp."
D'Consultatioune bei Femmes en détresse géifen iwwerdeems net forcement zouhuele wärend der Orange Week. Dat ganzt Joer iwwer bräichten extrem vill Leit Hëllef, huet d'Andrée Birnbaum nach preziséiert. Dofir wier et och wichteg, de Problem dat ganzt Joer iwwer ze thematiséieren.