Obschonn d‘Recetten an der Landwirtschaft zejoert zolidd erofgaange sinn, louche se ëmmer nach iwwert der Moyenne vun de leschte 5 Joer.

Dat géif d‘Resilienz vum Secteur weisen, heescht et vum zoustännege Ministère.

E Méindeg war zu Ettelbréck den zweeten Dag vun der Landwirtschaft, zesumme mat enge 400 Acteuren aus dem Secteur. D‘Marchéen hätte sech no engem turbulente Joer 2022 zejoert erëm stabiliséiert.

Aner Constate waren déi, datt d'Mëllechpräisser eropgaange sinn, an datt d'Marchéspräisser fir Fleesch op engem héije Niveau stabel bliwwe sinn. D'Präisser vum Kär bleiwen iwwerdeems am Keller, wat net fir de Raps gëllt, fir deen et weider eng staark Nofro gëtt.

E weidere Sujet war d‘Gesondheet vun den Déieren. Fir d‘nächst Joer gouf eng komplett Impfstrategie annoncéiert, déi soll assuréieren, datt genuch Vaccin géint d‘Blozongekrankheet disponibel ass. Donieft wier een amgaangen, Impfstoffer géint zwou weider Krankheeten ze beschafen, déi sech aktuell am Weste vu Frankräich géife verbreeden an déi an den nächste Joren och kéinten zu Lëtzebuerg ukommen.