Op Nofro bei der Gemeng krut RTL matgedeelt, dass et sech bei den Enveloppen ëm franséisch Enveloppen handele géif.

D'Gemeng Steesel huet en Dënschdeg op de soziale Medie matgedeelt, dass eng Kaart fir schéi Feierdeeg ze wënschen am Ëmlaf wier, respektiv an de Boîtte vun de Leit leie géif. Dës Kaart ass allerdéngs weder vun der Gemeng, nach vum Lamesch.

RTL

Op Nofro bei der Gemeng krut RTL matgedeelt, dass et sech bei den Enveloppen, an deenen d'Kaarten dra sinn, ëm franséisch Enveloppen handelt an dës och definitiv weder vum Lamesch, nach vun der Gemeng erausgi goufen. De Lamesch hätt dëst an der Vergaangenheet gemaach, ma hätt awer virun enger Zäit schonn domadder opgehalen.

Wéi et heescht, géifen d'Leit d'Suen och nees ophiewen, eventuell am Laf vum Mëttwoch. D'Gemeng huet eis confirméiert, dass d'Police informéiert ass.

Am Kader vun enger Spezialemissioun iwwert Arnaquen, schwätze mir dann och en Donneschdeg mat Vertrieder vu Police a Bee Secure. Si sinn en Donneschdeg de Moien tëscht 8 an 8.30 Auer bei eis am Studio op RTL Radio Lëtzebuerg. Schéckt eis Är Froe fir eis Experten eran!
 
Owes hu mer e Magazin-Spezial ronderëm d'Thema Bedruch / Arnaquen.

Bei eisen Dossier mat enger Partie Artikele ronderëm de Sujet geet et hei!