Den net-qualifizéierte Mindestloun klëmmt domadder op knapp 2.638€ fir eng Persoun déi ganz schafft. De qualifizéierte Mindestloun klëmmt op 3.165€.

D'Chamber huet en Donneschdeg de Mëtteg unanime déi reegelméisseg Hausse vum soziale Mindestloun ëm 2,6 Prozent op den 1. Januar 2025 ugeholl. Den net-qualifizéierte Mindestloun klëmmt domadder op knapp 2.638 Euro fir eng Persoun déi ganz schafft. De qualifizéierte Mindestloun läit vum 1. Januar u bei ronn 3.165 Euro.

Dem Rapporter vum Gesetzprojet Charel Weiler vun der CSV no sinn eng 70.600 Salariéë vun dëser Erhéijung betraff. Zesumme mat der Decisioun, de Mindestloun steierfräi ze maachen, hätten déi Betraffen doduerch 77 Euro netto méi an der Täsch.

Extrait Charel Weiler

"77 Euro  kléngt elo net no terribel vill. Fir déi eng ass et eng Tankfëllung. Fir déi aner eng Pizza mat der Famill. Mä wann een dat ganzt op ee Joer kuckt, sinn et iwwer 900 Euro méi Cash an der Täsch. Iwwer 900 Euro méi am Portmonni. Dat ass eng Erhéijung, déi all Mënsch mat engem niddrege Salaire direkt wäert spieren".

Eng Partie vun de Riedner hunn drop higewisen, datt de Mindestloun zu Lëtzebuerg nawell net duergeet, fir iwwert d'Ronnen ze kommen. Déi gestëmmten Hausse géif och net duergoen. Diskussioune gouf et och driwwer, ob dës Upassung net besser all Joer misst gemaach ginn. Den Ament mécht d’Regierung des Analys dem Gesetz no all zwee Joer.