Stater Parquet huet eleng dëst Joer schonn 13 Fäll traitéiert
Mëtt November 2024 gouf et scho méi Fäll, wéi dat Joer virdrun. Dëst vun enger Fraude, déi d'Justiz vun 2019 bis 2022 quasi guer net beschäftegt huet.
Dëst Joer war de Stater Parquet bis den 11. November mat 13 Affäre vum sougenannte Presidentebedruch befaasst. Zejoert gouf et 12 Affäre vun der sougenannter Presidentefraude um Geriicht. An de 4 Jore virdru waren d'Geriichter dogéint quasi guer net domadder befaasst.
De "Presidententrick" oder "CEO Fraud" ass eng Arnaque, bei där Krimineller sech als Direkter oder héichrangeg Manager vun enger Firma ausginn, fir Mataarbechter dozou ze bréngen, grouss Zomme Suen ze iwwerweisen oder vertraulech Informatiounen erauszeginn.
Déi Onéierlech benotzen dacks gefälschte E-Mailen oder Uriff, déi ausgesinn, wéi wa se vun der richteger Direktioun kommen, a setzen d'Mataarbechter ënner Drock, séier ze handelen, ouni d'Uweisungen ze hannerfroen. Dës Masch ass weltwäit verbreet a vill Firme sinn doduerch schonn ëm Millioune bruecht ginn.
Fir sech ze schützen, solle Firmen hir Mataarbechter reegelméisseg iwwer esou Bedruchsmaschen informéieren a kloer Kontrollprozesser fir ongewéinlech Ufroen ob d'Bee stellen.