Wéi schütze viru Phishing, Online-Ofzocken a Co.?
Opgepasst, Arnaque! Vu Phishing, iwwer Online-Ofzocke bis Colportage: d'Fäll vu versichtem Bedruch klammen an et ka jiddereen treffen.
Am Magazin Spezial decke mir déi raffinéiert Tricken op a weisen Iech, wéi Dir iech schütze kënnt.
Am éischten Deel vun der Emissioun gi mir op Online-Shopping an. Vun doheem aus akafen, egal ob um Handy oder Computer, ass zwar immens kamoud, bréngt awer och verstoppte Gefore mat sech. Passt een net op, kann ee séier Affer vun enger Arnaque ginn. Esou ass et och dem Nadine an dem Fernand ergaangen. Si sinn allebéid bei hiren Akeef um Internet ugeschmiert ginn. An de Reportagen erzielen si eis méi iwwert hir negativ Erfarungen.
Den Direkter vum CEC, dem europäesche Verbraucherzentrum, gëtt Iech Tipps dozou, wourop een oppasse muss, wann een op Online-Geschäfter ënnerwee ass. Och verréit hien, wéi ee seng Chancen op e Remboursement kann erhéijen.
Vum digitalen eriwwer op den analoge Bedruch. De Colportage ass zwar legal, ma och do kann ee gären iwwert den Dësch gezu ginn, wann zum Beispill spontan een Aarbechter laanscht schelle kënnt a proposéiert, den Daach ze flécken. Wéi déi rechtlech Lag do ausgesäit a wéi ee sech als Konsument wiere kann, erkläert en Expert vum Konsumenteschutzministère.
Do dernieft erkläert de Marc Ragnacci vum Service Prévention vun der Police, wéi eng aner änlech Fäll vu Bedruch et gëtt a wat d’Affer wéi och d’Police selwer dogéint maache kënnen.
Am zweeten Deel vum Magazin Spezial steet eng ganz heefeg Form vun Online-Bedruch am Mëttelpunkt: de Phishing. Mir hu mat engem Affer geschwat, kréien Erklärunge vun der Bankevereenegung ABBL a vun der Police a gesi wéi einfach et fir Hacker ass, un Är perséinlech Donnéeën ze kommen.
Eng wichteg Roll bei der Sécherheet vu Payementer um Internet spillt dobäi och den Token vu Luxtrust. Firwat deen Enn dës Joers duerch d’App “Luxtrust Mobile” ersat gëtt, erkläre mir an engem Reportage.
Doriwwer eraus komme mir op eng Arnaque ze schwätzen, déi dëst Joer u Bekanntheet gewonnen huet: de sougenannte Presidententrick, och CEO-Fraud genannt. De Prinzip ass deen: e Kriminelle gëtt sech online z.B. als de Chef vun enger Entreprise aus a bréngt d’Mataarbechter vun där Entreprise duerch Manipulatioun dozou, eng déck Iwwerweisung ze maachen. Dat alles wierkt natierlech legitim, ass et awer net. D’lescht Joer gouf et dovun 11 Fäll am Grand-Duché. An ee vun de Betraffenen huet eis en anonymmen Interview ginn.
Weider Detailer iwwer d’Methode vum Presidententrick, gëtt de Steve Muller vu Bee Secure am Studio beim Fabienne Zwally.