Weider Arnaque
Fake RTL-Post op Instagram mat falschem Jean-Claude Juncker

© Screenshot vun Instagram
Déi allermeeschte Leit hei am Land ginn antëscht quasi all Dag mat falschen E-Mailen, falsche Gewënnspiller oder falsche Policebréiwer belästegt.
E Freideg war dann den RTL Lëtzebuerg nees viséiert, dës Kéier op der Social-Media-Plattform Instagram. E puer User hu sech bei der Redaktioun gemellt.
An dësem Fall handelt et sech ëm eng vu KI generéiert Pub an do kann d'RTL-Redaktioun just dann eppes ënnerhuelen, wa se grad opdaucht op der genannter Plattform.
Ma Dir kënnt hëllefen. Sollt Dir dësen oder en änleche Message, respektiv Pub an de soziale Medie oder och anere Medienhaiser gesinn, kënnt Dir dee Contenue selwer mellen.
Am meeschte gelies