Sträit tëscht Ex-Partner eskaléiert - Fra blesséiert, Mann festgeholl
© RTL-Archiv
Wéi d'Police e Samschdeg mellt, ass e Mann wéinst engem Sträit mat senger Ex-Partnerin festgeholl ginn, dat schonn an der Nuecht op e Freideg.
Fir d'éischt hätt et tëscht deenen zwee Ex-Partner eng verbal Ausernanersetzung ginn, ma de Sträit ass kierperlech ginn, woubäi d'Fra éischten Erkenntnisser no vun hirem Ex-Partner blesséiert gouf. D'Affer huet missen an d'Klinik bruecht ginn.
Wou d'Police zu Nidderkuer op der Plaz war, huet de presuméierten Täter probéiert ze flüchten, ma no enger kuerzer Poursuite zu Fouss konnt de Mann gestoppt ginn. Well e sech awer ëmmer méi aggressiv verhalen huet, huet de Mann missten immobiliséiert ginn. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet ordonéiert, datt de Verdächtege misst festgeholl ginn.
Zu Esch hate sech an der Nuecht op e Samschdeg géint 3 Auer dann nach sechs Leit an den Hoer. Eng Persoun gouf an d'Ausniichterungszell bruecht, well si der Police no duerch hiren alkoholiséierten an aggressiven Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war.