Ines Kurschat gëtt nei Chefredaktesch beim Lëtzebuerger Wort

D'Ines Kurschat am RTL Presseclub vum 10. November.
Première am Mammenhaus vum Lëtzebuerger Wort: fir d'éischt Kéier an der Geschicht vum Medienhaus gëtt mam Ines Kurschat eng Fra Chefredaktesch.
D'Ines Kurschat iwwerhëlt dëse Poste vum 1. Januar u vum Roland Arens, deen am Laf vum nächste Joer a Pensioun geet. Donieft kritt d'Journalistin d'Charge vun der Direktesch vun alle Publikatioune vu Mediahuis Lëtzebuerg.
Bis ewell war d'Ines Kurschat d'Cheffin vum Ressort Politik bei der gréisster Zeitung zu Lëtzebuerg. Déi 1969 gebuere Journalistin a Member vum Presserot huet en Diplom a Sozialwëssenschaften an e Master an "European Journalism" zu Bréissel gemaach, esou steet et op Wort.lu ze liesen. ier d'Ines Kurschat bei d'Lëtzebuerger Wort koum, war si 17 Joer laang beim Lëtzebuerger Land aktiv. Do virdru war déi haut 55 Joer al Kurschat als fräi Journalistin zu Hamburg aktiv, ier si bei d'Woxx an dono bei d'Lëtzebuerger Land goung.