Alkoholiséierte Chauffer léisst sech trotz Asaz vu Pefferspray net berouegen

© RTL
En Dënschdeg war der Police e Chauffer zu Péiteng an der Rue du Stage gemellt ginn, well dëse wuel ze vill gedronk hat.
Op der Plaz huet de Mann sech aggressiv géigeniwwer de Beamte verhalen an huet refuséiert sech auszeweisen, respektiv d'Pabeiere vum Auto ze weisen. Och en Alkohol- an Drogentest wollt den Automobilist net maachen.
Wéi hien doropshi probéiert huet, ewechzegoen, gouf hie vun de Polizisten immobiliséiert. Dobäi gouf de Mann ëmmer méi aggressiv an huet sech esou staark gewiert, datt d'Beamte Pefferspray agesat hunn. Well hie sech och wärend dem Transport op de Policebüro net berouege gelooss a weiderhi refuséiert huet, ze kooperéieren, gouf de Mann wéinst Beamtebeleidegung a Rebellioun géint Poliziste protokolléiert. Doriwwer eraus gouf och e Fuerverbuet ausgestallt.