De Reseau vun den Héichspannungsleitunge soll moderniséiert ginn
Den Tracé fir déi 48 Kilometer laang 380-KiloVolt-Leitung aus dem däitschen Aach bis op Bartreng iwwer den Uelzechtdall steet.
Just nach e puer Adaptatioune misste gemaach ginn. Dëst besonnesch fir Waasserschutzzonen ze ëmgoen, huet de Claude Kraft vu Creos um Mëttwoch erkläert. De Projet soll viraussiichtlech 2029 prett sinn a ronn 350 Milliounen Euro leien.
Hei geet et bei de PDF mam Tracé am Detail
Variant fir nei Héichspannungsleitung steet: Just nach Eesebuer ënner Stroum
Den 48 Kilometer laangen Tracé fir déi nei Héichspannungsleitung tëscht dem däitschen Aach a Bartreng, iwwer Boufer steet.
“Et ass en Tracé, wou entretemps jiddereen der Meenung ass, dass et dee richtegen ass”, seet d’CEO vu Creos, d’Laurence Zenner. Där Meenung war nämlech net jidderee vun Ufank un. Zu Amber an zu Eesebuer hate sech Biergerinitiative gegrënnt. Bal 1.000 Stellungname waren am Ganzen zu dem Projet 380 zesummekomm.
Nach bis haut ass een zu Eesebuer net sou ganz zefridde mat der Propose Tracé. Et wier eng Situatioun, wou een net jidderengem kéint 100 Prozent Satisfaktioun ginn, mengt d’Laurence Zenner dozou. Den Ament wier een awer dobäi fir ze kucken, wéi ee kéint hei kleng Adaptatioune maache. Am Detail geet et ëm d’Protektioun vun engem Waasserschutzgebitt.
8 Adaptatioune ginn nach gemaach
Kleng Adaptatioune vum Verlaf vum Tracé wäerten nach méi wéi just hei gemaach ginn. Am Ganze ginn der 8 bei der Presentatioun vun der Variant ugefouert, déi vun der Ëmweltverwaltung gefuerdert sinn. Majoritär géing et och hei ëm Waasserschutzzone goen, ënnersträicht de Claude Kraft vu Creos. Bei engem Fall, zu Jonglënster wier ee relativ no laanscht d’Zone d’Activité komm, wou Betriber sinn. Dat géing een nach änneren. Am nächste wäert d’Héichspannungsleitung zu Eesebuer bei Haiser kommen. Do wäert d’Distanz op enger Plaz 250 Meter sinn. Eng Distanz, bei där et och net zu Geräischemissioune géing kommen. Wann nämlech Niwwel ass an et fiicht ass, kënnen d’Leitunge jo bekanntlech surren. “Mir hu mat de méi décke Seeler Material gewielt, fir deem Effekt entgéint ze wierken”, esou de Claude Kraft.
Am Detail wäert déi nei Linn 48 Kilometer laang sinn an aus der Géigend vun Treier, méi genee vun Aach iwwer Méischdref, Berbuerg, Beelenhaff, Jonglënster, Boufer, Luerenzweiler, Steesel, Uelzechtdall, Kléngelbuer, Briddel op Bartreng verlafen. Dofir wäerten 145 Masten néideg ginn, déi tëscht 60 a 70 Meter héich wäerte sinn. Dat aalt Netz vun 220 KiloVolt war 75 Kilometer laang an hat 225 Masten. Eng Transformatorstatioun wäert op Boufer kommen. Dës besteet aus 3 Gebaier, wou d’Spannung gereegelt gëtt (380 KiloVolt, 220 KiloVolt an 110/65 KiloVolt).
D’Aarbechte sollen 2026 ufänken an 2029 ofgeschloss sinn. Bis 2030 soll déi al 220 KiloVolt Leitungen ofgebaut sinn. D’Käschte ginn an eng Gréisstenuerdnung vun 350 Milliounen Euro geschat. D’Präisser vun de Materialie géingen den Ament awer staark variéieren.
Déi nei Héichspannungsleitunge wieren néideg ginn wéinst der ëmmer méi grousser Demande, huet d’Laurence Zenner erkläert. Ënner anerem duerch d’Augmentatioun vun der Elektromobilitéit an d’Popularitéit vun Photovoltaikanlagen an Eoliennen.
Stroumpräisser wäerten iwwert déi nächst Joer weider eropgoen
“Global kann ee soen: Mir investéieren an d’Netz an dat heescht, dass d’Präisser net wäerte méi niddreg ginn, mee dass se schonn e bëssi an d’Luucht ginn”, sou d’Laurence Zenner op d’Fro no der Präisentwécklung fir d’Clienten duerch de Projet. Ma Vu dass e Projet vun dëser Gréisstenuerdnung op 45 Joer géing amortiséiert ginn, géing et sech net vun haut op muer op de Präis néierschloen. Riets goung och vun enger Evolutioun vun de Präisser a verantwortungsvollem Mooss.