Am Kader vum europäesche Reprise a Resilienz-Programm huet Lëtzebuerg eng zweet Demande bei der EU-Kommissioun eragereecht.

Et geet ëm e Montant vun 58 Milliounen Euro. Dat deelt d'Representatioun vun der Kommissioun mat. Ënner anerem sollen Investissementer ënnerstëtzt, de Santé-System verbessert an den abordabele Logement sou wéi och d'Elektromobilitéit gefërdert ginn.

D'Lëtzebuerger Demande gëtt elo zu Bréissel analyséiert. Fir de Grand-Duché sinn am europäesche Plang am ganzen 241 Milliounen Euro virgesinn.