Nofollger vum Jean-Paul Lickes
Regierungsrot ernennt Dr. Marc Hans zum neien Direkter vun der Waasserverwaltung

© René Pfeiffer / RTL
Den Dr. Marc Hans gouf vum Regierungsrot nominéiert. Hie war aktuell Adjoint a schafft zënter 2021 bei der genannter Administratioun.
Den Direkter vu bis ewell, de Jean-Paul Lickes, war virun e puer Méint an de Mobilitéitsministère gewiesselt. D'Naturverwaltung kritt mat der Carmen Weisgerber eng nei Directrice adjointe. Si ersetzt de Laurent Schley, dee sech an der Verwaltung ëm en aneren Zerwiss këmmert.
Béid Nominatioune si fir den 1. Januar 2025.
Am meeschte gelies