Nieft dem Vott vum Staatsbudget 2025 goung et en Donneschdeg an der Chamber och ëm Resolutioune fir d’Konte vum Joer 2023.

Ënner anerem goufen d'Resolutiounen iwwert d’Konten 2023 vum Centre pour l’égalité de traitement, kuerz CET, an dem Okaju unanime gedroen. Trotzdeem goufen et Diskussiounen duerch Ausso vum ADR-Deputéierten Tom Weidig.
 
"Mir wëllen och kloer soen, dass mir onzefridde sinn, dass den CET nees eng Kéier probéiert huet, den demokrateschen Debat ze beaflossen, andeem se eng kloer politesch Positioun geholl huet, zum Beispill bei der Petitioun iwwer LGBTIQ Themen an de Schoulen."

Debat iwwer Resolutioune fir Konten 2023 / Reportage Diana Hoffmann

 
Och den Okaju géing probéieren, den demokrateschen Debat ze beaflossen duerch eng politesch Positionéierung, sou seng Meenung. D’Deputéiert aus den anere politesche Parteien hunn dat awer anescht gesinn. D’Corinne Cahen (DP):
 
"Hei sinn Institutiounen, déi sech fir d’Rechter asetzen. An déi sinn och dofir do, fir sech fir d’Rechter anzesetzen, fir déi, fir déi dir iech net asetzt. A jiddereen huet hei d’Recht, ze liewen an dësem Land, a jiddereen huet d’Recht, seng Rechter verdeedegt ze kréien. An net just déi eng Leit. Ech hunn net gemierkt, dass déi géint iergendee sinn, sou wéi den Här Keup dat elo gesot huet. Ganz au contraire."
 
De Fred Keup vun der ADR huet nach gemengt, dass eng staatlech finanzéiert Institutioun misst oppassen, wéi se sech äussert. D’Sam Tanson vun Déi Gréng weist awer dorop hin, dass dës Institutiounen net der Chamber ënnerstinn, mee onofhängeg sinn a weider.

"Meenungsfräiheet ass, dass ee seng Meenung ka soen. An Dir sot se reegelméisseg. Wann een Är Logik géing applizéieren, dann dierft Dir als Deputéierten, deen hei jo och der Chamber ënnersteet an och vum Staat bezuelt gëtt, wéi Dir dat virdru sou schéi formuléiert hutt. Dann dierft Dir dat jo och net maachen. Dat wier jo absurd."
 
En Donneschdeg de Mëtteg geet den Debat an der Chamber weider. Dat ënner anerem mat enger Question elargie zum Transport vun Detenuen.