Méi gesond Liewen? Esou kéint et goen

D'Joer ass nach jonk, esou och déi gutt Virsätz. Ënnert de Klassiker: Gesond iessen an ofhuelen. Mat enger Dieteticienne hu mir doriwwer geschwat.
A fir direkt an de Sujet eranzeklammen: ass et eppes, wat einfach ëmsetzen ass? D’Sara Spinelli iwwerleet kuerz: "Dat hänkt ëmmer vun der Persoun of."
Verschiddene Leit géif et méi einfach falen, d’Iessgewunnechten ze änneren. Fir anerer wier et ganz schwiereg, méi gesond ze iesse respektiv och ofzehuelen, esou Dieteticienne.
0,5 bis 1 Kilogramm pro Woch kann een ofhuelen
Disziplin a Motivatioun si gefrot, wann een sech fir d’Joer 2025 virgeholl huet, ofzehuelen. Wichteg wier, dass ee sech realistesch Ziler setzt, esou d’Sara Spinelli. Beim Ofhuele gëtt et déi kloer Reegel vun 0,5 bis 1 Kilogramm pro Woch. Wann ee méi séier ofhëlt, wier et dacks net méi gesond an och net nohalteg. De Jojo-Effekt wier eppes, wat jidderee kennt, dee scho mol all méiglech Form vu Regimm probéiert huet.
Idealerweis hëlt ee sech kleng Ziler, déi een da Woch fir Woch kéint ëmsetzen:
"Zum Beispill kann ee soen, ech iessen elo ee Stéck Uebst den Dag, ech probéieren e bësse méi Geméis a mäi waarmt Iessen anzebauen, ech probéiere vläicht méi Produite mat Vollkar ze benotzen. Anerer, déi wëlle ganz gär am Januar op den Alkohol verzichten."

© AFP
D’Schwieregkeet beim Ofhuelen ass et, d’Gewiicht ze halen
Wann ee sech virgeholl huet, wier déi éischt Etapp d’Ofhuelen. Dat méi schwieregt wier awer duerno dann och d’Gewiicht ze halen. An dat géif net ëmmer geléngen.
"Et ass dat, wat deene meeschte schwéier fält. Dowéinst ass et sou wichteg, laangfristeg Ziler ze setzen a seng Iessgewunnechten ëmzeänneren. Well déi, wou ee jo bis elo hat, déi hunn dozou gefouert, dass een dat Gewiicht och huet, wat een huet."
No engem Regimm misst een dofir onbedéngt weiderfueren, soss kënnt de Jojo-Effekt an et kann dann esouguer virkommen, dass een duerno nach méi op d’Wo bréngt. An och misst ee sech weider vill beweegen a Sport maachen.
Ass Schneeken nach erlaabt?
Beim Schneeke sollt een ëmmer versichen, Kompromësser ze fannen, esou d’Sara Spinelli. Et géif kloer Recommandatioune ginn, wéi vill Zockerzousaz ee kann zou sech huelen.
"An dann huet een och erëm Phasen, wéi de Kleeschen, Chrëschtdag, Ouschteren, Liichtmëssdag, Halloween, wou effektiv d'Leit d'Tendenz hunn, e bësse méi doheem am Schaf ze hunn oder am Tirang um Büro."
Och hei wier et d'Devis, sech dës Gewunnechten net ze halen an no Phasen, wou ee manner gesond lieft, nees besser opzepassen.

Dës fënnef Tipps gëlle fir eis all
Eigentlech géif jidderee wësse, wat ee misst maachen, fir méi gesond ze liewen. Wann een dës fënnef Tipps am Alldag ëmsetzt, géif ee scho fir 2025 eng gutt Basis setzen:
- 1,5 bis 2 Liter Waasser pro Dag
- Genuch Beweegung
- Fënnef Portiounen Uebst a Geméis pro Dag
- Méi Produite mat Vollkar
- Manner séieren Zocker a fäerdeg Produiten
D’Sara Spinelli ass Member vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg a schafft zanter Joren als Dieteticienne zu Lëtzebuerg. Zanter 2020 als Liberal, do virdru laang am Centre Hospitalier an der Stad.