CGDIS um Freideg
5 Blesséierter bei 5 Accidenter, virop ee Quad op der Kopp zu Miersch
Um 15.19 Auer war et an der Allée John W. Leonard ee Quad, deen op der Kopp gelant ass. De Chauffer gouf derbäi blesséiert.
Um Freideg war et dann um 12.20 Auer eng Kollisioun tëscht 2 Autoen op der Areler Autobunn tëscht Stroossen an der Helfenter Bréck. Heibäi gouf et 2 Verwonnter.
Um 12.30 Auer krute sech dann op der Diddelenger Autobunn op der Héicht vun Diddeleng 4 Gefierer ze paken. Derbäi gouf eng Persoun blesséiert.
Zu Stroossen war et um 12.44 Auer an der Areler Strooss 2 Autoen, déi kollidéiert sinn. Eng Persoun gouf bei deem Accident blesséiert.
Um 14.56 Auer koum et zu Dampentwécklung an engem Gebai an der Grousstrooss an der Uewerstad. Et ass kengem Mënsch eppes geschitt.
Am meeschte gelies