D'Police huet bannent de leschte Stonnen zwee Mol missen intervenéieren, well alkoholiséiert Persoune sech donieft beholl haten.

Géint 18.20 Auer e Méindeg hat e Mann sech an der Rue Kreuzerbuch zu Habscht donieft beholl. Dëse war staark alkoholiséiert an huet en aggressiivt Verhalen un den Dag geluecht. Well hien eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, koum hien no enger Kontroll duerch en Dokter an den Arrest.

Géint 1.35 Auer en Dënschdeg an der Nuecht krut d'Police dann en aggressive Mann an der Grand-Rue zu Clierf gemellt. Dësen huet sech onerlaabterweis an engem Appartement opgehalen. Eng Patrull vun der Police ass doropshin op d'Plaz gefuer. An der Wunneng huet de Mann d'Beamten da beleidegt a sech och soss ganz onkooperativ géigeniwwer dëse verhalen. Och hie koum no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.