
Éischten Informatiounen no hunn hei zwee Täter engem Mann den Handy a Sue geklaut an dësen dobäi blesséiert. D’Affer gouf no enger medezinescher Versuergung op der Plaz fir déi weider Behandlung an d’Spidol bruecht. Eng Sich no den Täter ass negativ verlaf. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.
Schonn e Méindegmoie krut d’Police eng staark alkoholiséiert Fra an der Rue André Duscher am Garer Quartier an der Stad gemellt. Eng Patrull vun der Police huet d’Fra fonnt a si kontrolléiert. Dobäi huet sech erausgestallt, dass et e Mandat d’arrêt géint si gëtt. Si koum no enger medezinescher Kontroll an de Prisong op Schraasseg.