Onofhängeg Autoritéit fir audiovisuell MedienMarc Glesener gëtt neie President vun der Alia

RTL Lëtzebuerg
De Marc Glesener ass neie President vun der Alia, also der onofhängeger Autoritéit fir audiovisuell Medien.
© RTL-Archiv

Hien iwwerhëlt domat d‘Successioun vum Thierry Hoscheit, deen zanter der Grënnung vun der Alia 2014 op deem Poste war. Déi delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue huet de fréiere Journalist a Kommunikatiounsexpert Marc Glesener, op Recommandatioun vum Alia-Verwaltungsrot genannt. De Romain Schroeder vun der Fondatioun Zentrum fir politesch Bildung réckelt als neie Member an de Verwaltungsrot no.

Back to Top
CIM LOGO