Zanter dem 15. Januar ass eng nei Internetsäit vun der benevoller Organisatioun Crunch Box a.s.b.l. disponibel.

Gefuerdert gouf d'Initiativ vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. Um Site, dee vun elo un ënnert hasilux.lu ze fannen ass, gëtt d'Theema ronderëm den Autismus an d'schoulesch Inclusioun ëmfaassend behandelt an d'Informatiounen doriwwer zentral op enger Plaz gesammelt. Disponibel sinn dës an den dräi Sproochen Däitsch, Franséisch an Englesch.

Aktuell si schonn iwwer 60 Artikel online an donieft och eng Rei Erfarungsberichter vu betraffene Persounen. Praktesch Rotschléi vun Experten, d'Oplëschtung vu verschiddenen Ulafstellen an eng FAQ-Sectioun, déi an nächster Zäit nach ausgebaut gëtt, komplettéieren de Contenu vum Site. Ugeschwat ginn nieft autistesche Schüler a Studente virun allem och Elteren, Familljen, Enseignanten a weidert Personal aus deem Beräich.

"Mat HASILUX schafe mir eng zentral Ulafstell, déi alle Bedeelegten den Zougang zu wichtegen Informatiounen erliichtert", sou déi zwee Responsabel vum Projet Joanne Theisen a Gérard Kieffer. "Eist Zil ass et, duerch eng besser Vernetzung an Informatiounsaustausch déi schoulesch Inclusioun fir autistesch Mënschen zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen", heescht et weider.