Per SMS oder E-MailPolice warnt viru falschen Opfuerderunge fir eng Geldstrof ze bezuelen
An der leschter Zäit ginn der Police vill Fäll gemellt, an deene Persounen iwwer Email oder SMS opgefuerdert ginn, eng angeblech Geldstrof ze bezuelen.
Hei steet dann dran, dass d’Geldstrof nach net bezuelt wier. Den Affer gëtt dann nach Angscht gemaach, andeems dra steet, dass wann een net direkt géif bezuelen, d’Strof sech erhéije géif.
An deem Kader erënnert d’Police, dass staatlech Acteuren, wéi zum Beispill d’Police oder d’Douane a kengem Fall eng Noriicht verschécken. Verwarnungen, an deenen et ëm Geldstrofe geet, géifen ëmmer iwwert de Postwee verschéckt ginn.
An deem Kontext gëtt d’Police eng Partie Rotschléi, déi fir dës an aner Arnaquë gëllen:
- Et soll ee sech ni duerch d’Menacéiere vun enger Geldstrof oder enger méi héijer Strof ënner Drock setze loossen
- Am Zweiwel soll een eng Noriicht iwwerpréiwen an am Noutfall enger anerer Persoun weisen
- Matdeelungen, an deene Schreiffeeler oder opfälleg Formuléierungen ze fanne sinn, kéinten op e Bedruch hiweisen
- Wann ee sech net sécher ass, ob et sech ëm eng Arnaque handelt, soll een d’Verwaltung oder d’Firma kontaktéieren, an där hirem Numm d’Noriicht verschéckt gouf