Eng Miliz am Garer Quartier als Noutléisung
Mir fillen eis veräppelt, soen d’Garer, déi sech zënter Méint an engem WhatsApp-Grupp iwwer d’Zoustänn an hirem Quartier opreegen.
Eng Miliz kéint de leschten Auswee sinn.
Jorelaang déi selwecht Wierder, jorelaang keng Verbesserung – ganz am Géigendeel! Méi wéi engem Garer platzt reegelrecht de Kolli, well säin Alldag, amplaz sech ze verbesseren, ëmmer méi schlëmm gët ! Am WhatsApp Grupp "Quartier Gare, sécurité et propreté" deelen Awunner a Leit, déi am Quartier schaffen, zënter Mëtt 2023 hir Erfarungen. Déi si majoritär negativ, mat deels liberalem mee alt och reaktionärem Touch. Nei ass den Ausdrock "Miliz", deen ee kéint an de falschen Hals kréien. Beim Hannerfroe weise sech dann awer Proposen an Iddien, déi d’Gare eventuell kéinten zum Gudde changéieren.
Verspriechen ouni Suivi
"Si kommen a verspriechen an dann ass d’Loft eraus an et geschitt näischt!", sou de Patrick Reisdorff, Garer a Co-Fondateur vum WhatsApp-Grupp.
Gemengt sinn heimat d’Aussoen op de Bierger-Versammlungen; där géifen et, wann een ze vill gemeckert hätt. Wat dovu bleift - kaum eppes bis guer näischt, seet eise Garer.
Esou Saache liest een am WhatsApp-Grupp an nach esou munches méi. "Een, dee sech ewell 55 Joer dierf e Garer nennen, dierf och vläicht e Stéck provozéieren, well e weess, wat leeft, an dass och si de Problem vun Drogen a Prostitutioun net léise kënnen", seet de Patrick Reisdorff. Allerdéngs wéilte si dat Ganzt och net an d’Nopeschquartieren drécken.
En Aarbechtsgrupp mat Leit vum Terrain
Si wëssen och genee, dass een als Bierger net einfach esou dierf Sheriff spillen! De Patrick huet d’Wuert "Miliz" lancéiert, ganz bewosst wier dat gewiescht, fir ze picken a waakreg ze maachen. An et hätt funktionéiert!
Mat deem Wuert hätt net de Grupp Gare, mee hien eppes declenchéiert. Nëmme wa soss näischt méi géing, kéint een nosichen, ënner wéi enge Konditiounen een dann awer selwer als Zort Miliz kéint aktiv ginn.
Eng Miliz wier d’Enn vun der Demokratie
Fir dass et net esou wäit kënnt oder muss kommen, ginn et direkt e puer Iwwerleeungen a Proposen, déi och net vun haut oder gëscht wieren, mee déi awer nach kee probéiert hätt: D’Police soll reegelméisseg mat Hënn no Droge sichen, se beschlagnamen a verbrennen. Keng Verhaftungen a keng Procès Verbauxen, mee hire Business géif gestéiert!
Reunioun mam Policeminister
Am Februar wier eng gréisser Reunioun, op déi och hien invitéiert wier. Flexibilitéit heescht, fir de Garer: Police zu Fouss, Police, déi stéiert an nervt, net eleng mam Auto duerch de Quartier flutscht. Och méi Agents municipaux an natierlech Sozialaarbechter. Si wieren deen Ament kloer bereet, vum Emotionalen erofzekommen an an engem Aarbechtsgrupp matzehëllefen.
Et sollt ee sech de Moyen vun der Zesummenaarbecht an der Kommunikatioun ginn, fir gemeinsam a séier an effikass kënnen z’agéieren. Eng Miliz wier d’Enn vun der Demokratie!